Déi Lénk weise sech net zefridde mat der Logementspolitik vun der CSV-DP-Regierung. D'Situatioun um Wunnengsmaart wier weider eng Katastroph.

Kritik vun déi Lénk u Logementspolitik / Reportage: Marlène Clement

Profitéiere géinge virun allem d’Privatpromoteuren, esou d'Kritik e Freideg de Moien d'Kritik virun der Press. Viru genee enger Woch hat den DP-Logementsminister Claude Meisch Ännerungen um Gesetz fir abordabel Wunnenge presentéiert. Esou solle Gemengen, déi erschwéngleche Wunnraum schafen, an Zukunft vun de selwechte Konditioune profitéieren ewéi aner Acteuren. Den zoustännege Minister erhofft sech duerch déi Mesure bis zu 500 abordabel Wunnengen d’Joer vun de Gemengen. Dat wier een Trompe-l'œil, kritiséiert de Co-Parteispriecher vun déi Lénk, Gary Diderich:

"Déi Mesure ass sécherlech richteg an déi kënne mer nëmmen ënnerstëtzen, mee warscheinlech wäert se net dozou féieren, datt Gemengen, déi bis elo nach net envisagéiert hu Wunnenge selwer ze kafen oder ze bauen oder Terrainen ze kafen, dass déi dat elo massiv wäerte maachen." 

Virun allem stéiere sech déi Lénk awer dorunner, datt mat der Gesetzreform elo och Privatpromoteuren iwwer sougenannt "Public-Private-Partnerships" kënnen an den abordabele Wunnraum eraklammen. Domat géing d’Regierung hire "Promoteurs-Kolleegen" ee Kaddo maachen.

"Si kréien dat ofbezuelt iwwer déi Zäit, wou se dann eng Konventioun hunn. Mir hu jo nach kee Gesetz, mee gi mer mol dovunner aus, hei gi Konventioune gemaach vu 40 Joer, wéi och bei de Gemengen a bei den ASBL'en. No 40 Joer sinn déi Wunnenge komplett an der Proprietéit vum Promoteur an dee kann domat maachen, wat e wëll."

Fir der Logementskris entgéintzewierken, fuerderen déi Lénk op en Neits een Deckel op de Loyeren.

"An dat ass just eng Fro vu politescher Volontéit a Courage, an déi brauch et esou séier wéi méiglech. Well zu 98,6 Prozent ass et de private Marché, dee gëllt, wann et ëm d’Loyere geet an da muss een do och op d'Präisser awierken." 

Laangfristeg misst een och drun denken, ee minimalen Taux vun abordabele Locatiounswunnenge fir all Gemeng festzeleeën, esou eng weider Propos vun déi Lénk, déi och nach emol hir laangjäreg Fuerderung vun enger ëffentlecher Baufirma widderholl hunn.