Den Nationale Militärmusée vun Dikrech (MNHM) brauch d'Ënnerstëtzung vun der Ëffentlechkeet, dëst zum Thema "Deminage".

Dëst Joer ginn 100 Joer Service Deminage zu Lëtzebuerg gefeiert. An deem Zesummenhang gëtt am Hierscht eng Expo organiséiert, wou ee gesäit, wéi de Service Deminage an de leschten 100 Joer evoluéiert huet. Fir do sou vill wéi méiglech Material zesummenzekréien, freet de Musée d'Ënnerstëtzung vun der Ëffentlechkeet.

Besonnesch intresséiert ass een un Dokumenter aus folgenden Zäitraim:

1914 bis 1918: Éischte Weltkrich – Asätz vun den däitschen Truppe mat der Ënnerstëtzung vun der Gendarmerie- an der Fräiwëllegekompanie
1918 – 1923: D'Asätz vun de franséischen an amerikanesche Truppen zu Lëtzebuerg
1925 – 1940: Den éischte Lëtzebuerger Déngscht (Service de récolement et de destruction des obus)
1940 – 1944: Den techneschen Noutdéngscht (Technischer Notdienst) vum däitsche Loftschutz
1944 – 1952: De Service de récolement des mines et munitions (allgemeng "Sprengkommando" genannt), fir d'éischt ënnert der Kontroll vun der Stad Lëtzebuerg an der passiver Loftofwier; den administrativen Transfert an d'Lëtzebuerger Arméi; de physeschen Transfert vun dësem Déngscht an de Militärcamp Waldhaff
1944 – ?: Perséinlech oder Gemengen-Initiativen (Veianen, Wolz, Clierf, Iechternach, asw.)
1952 – 1967: De Service Deminage bis zur Ofschafung vum obligatoresche Militärdéngscht am Joer 1967 (an duerno).

Hutt Dir Fotoen, Videoen oder Dokumenter am Zesummenhang mat dem Service Deminage aus där Zäit? Oder sidd Dir Zeie gewiescht vun engem Deminage, iwwert deen Dir eppes ziele kënnt a wëllt? 

Da setzt Iech w.g.l. mam Claude Peffer a Verbindung, fir him déi Dokumenter fir e gewëssen Zäitraum zur Verfügung ze stellen, respektiv fir e Rendez-vous fir e Gespréich auszemaachen. Melle kéint Dir Iech via E-Mail oder via Telefon um +352 621 358 756.

D'Dokumenter kréien d'Besëtzer selbstverständlech no der Expo nees zeréck.

Top Secret: De Service de Deminage vun der Arméi (2024)

Top Secret: De Service de Deminage vun der Arméi
Bausse verrascht a banne wéi nei - Munitioun aus dem 2. Weltkrich