Wéi d'Lëtzebuerger Arméi eis op Nofro hi matgedeelt huet, hate Lëtzebuerger Instruktere hire belsche Kolleegen eng Formatioun am Ëmgang mat Drone ginn.

Dës Formatioun war am Kader vum sougenannten "NATO Forward Land Forces Battle Group" a Rumänien. Déi eenzel Brigade géinge sech hei reegelméisseg géigesäiteg Formatioune ginn. D'Zil dovunner wier et, sech am Konflikt-Fall besser ënnertenee kënnen ofzestëmmen, heescht et vun der Arméi.

Wat dës spezifesch Formatioun, also den Ëmgang mat Dronen ugeet, hätt d'Belsch zwar och eegen Instrukteren, dës waren deen Ament allerdéngs net a Rumänien an dowéinst hätte Membere vun der Lëtzebuerger Arméi dës Aufgab iwwerholl. Datt ee sech géigesäiteg Formatioune gëtt, wier iwwerdeems och üblech wann ee gemeinsam dat selwecht Material notzt.

Bei den Dronen handelt et sech ëm Drone vum Typ "PUMA", hiergestallt vun der US-Firma AeroVironment. Dës solle fir ënnerschiddlech Aufgaben an den Asaz kommen, sou zum Beispill fir Iwwerwaachungsmissiounen, Schutz vu Konvoien an Zaldoten oder d'Identifikatioun vun Ziler. Arméiert sinn d'PUMA-Dronen net.