De Psycholog Gilbert Pregno schwätzt am Interview iwwert d’Hoffnung, d’Verantwortung an d’Hëllef fir Elteren.

Eltere gi wier eng vun de schéinsten, awer och komplexsten Aufgaben am Liewe vu ville Mënschen.

Fir de Gilbert Pregno gëtt et keng fix Schabloun, wéi ee "richteg" Eltere gëtt.

"Et gi keng zwee Elteren, déi sech gläichen", seet hien. Gläichzäiteg ass him bewosst, dass dës Roll eng ëmmer méi grouss Erausfuerderung duerstellt, besonnesch an eiser haiteger Gesellschaft, déi vu séiere Verännerungen, héijen Erwaardungen an engem méi fragille sozialen Zesummenhalt gepräägt ass.

Och a schwierege Familljesituatioune misst ee Perspektive gesinn: "E Liewen ouni Hoffnung ass en Iertum."

D’Kand léiert d’Welt duerch seng Eltere kennen

"Wann d’Wuerzelen net stëmmen, fält de Bam ëm". Domat mécht de Psycholog däitlech, wéi wichteg déi éischt Joren an der Entwécklung vum Kand sinn. Et géif net nëmmen ëm funktionell Fäegkeeten, mee ëm Sécherheet, emotional Verbonnenheet an d’Vermëttlung vu Wäerter goen.

"Jiddweree gëtt eng éischt Kéier Elteren, keen huet Erfarung. Et soll een net nëmmen ufänken, Elteren ze sinn, wann d’Kand do ass, mee scho virdru misst ee sech mat senger Roll, senge Wäerter an den Erausfuerderunge befaassen.
"Et muss ee schonn nolauschteren, wat d’Kanner soen. Mee frou si mat engem Kand, dat heescht och Grenze setzen. An dat heescht. fir mech engersäits lauschteren, diskutéieren, awer zum Schluss muss dann eng Entscheedung getraff ginn, dat ass déi, déi dann och vun den Elteren ëmgesat gëtt."

Präventioun an Ënnerstëtzung

Fir d’Elteren ze stäerken, setzt de Gilbert Pregno op präventiv Modeller. Hie selwer huet viru Joren eng Eltereschoul gegrënnt, eng Plaz, wou Austausch méiglech ass an net nëmmen iwwer Schwieregkeeten, mee och iwwer Stäerkte geschwat gëtt:

"Et muss een oppassen, dass een net nëmmen iwwer Defiziter schwätzt, mee och iwwer d'Stäerkten."

Wann de Psycholog nach ee Wonsch hätt, da wier et d’Aféiere vu Coursë fir Elteren, wou Grondwäerter wéi de Verzicht vu Gewalt, d’Bedeitung vum Papp an d’Villsäitegkeet vun Erzéiungsmethoden thematiséiert ginn. Et géing net dorëms goen, wéi een et "richteg" mécht, mee wéi ee säin eegene gesonden a bewosste Wee ka fannen. Politesch wier déi Iddi awer bis elo net ënnerstëtzt ginn: "Ech mengen, dass ech net déi noutwendeg politesch Relatiounen hat, fir dass op eemol ee géing soen, mir maachen dat."

D’Kand als Spigel: D’Sécherheet fänkt bei den Elteren un

"Wann een als Elteren e gudden Zougang huet zu sech selwer, dann ass et méi einfach, dem Kand déi noutwendeg Wuerzelen ze ginn."

Wat een als Eltere méi mat sech selwer am Rengen ass, wat ee méi reflektéiert a besser duerch den Alldag geet. Wat och en direkten Impakt op d’Wuelbefanne vum Kand huet.

Hoffnung als pedagogescht Prinzip

Trotz deene ville Schwieregkeeten, déi Elteren hautdesdaags begéinen, Stress, eleng sinn, oder sozialen Drock, bleift de Gilbert Pregno bei senger Grondastellung: "Ech mengen ëmmer, dass d'Liewe liewenswäert ass." Dat Wichtegst ass, sech net ze isoléieren, sech hëllefen ze loossen, sech trauen, Froen ze stellen an nei Weeër ze goen.

Wann ee Reegele setzt, géif dat och heiansdo Sanktiounen erfuerderen. Seng Kanner schloe wier eng Katastrophe, et wier souwisou verbueden an hätt laangwiereg Follegen.

"Et solle keng Strofe sinn, wou d'Eltere sech mat bestrofen. Wann d'Eltere soen, elo gëtt eng Woch kee Fernsee gekuckt, da si se selwer geplot. Dat ass keng gutt Strof. Mee ech mengen, dass d'Ënnerstëtzung vum Kand wichteg ass. Et opbauen, dass et lues a lues zu enger räifer Perséinlechkeet ka ginn."

Et wier wichteg, de Kanner ze vermëttelen, dass ee se gär huet a fir se do ass, och wann ee se mol bestrooft: "Wann een en dat seet, da gëtt dat Kand frou mat sech selwer."

RTL

Mobbing ënner Jugendlechen : Ëmmer méi Fäll an aner Qualitéit

An de leschte Joren hätt sech vill geännert, ënnert anerem och duerch d’Pandemie. Et géif eng gewësse Veronsécherung an der Gesellschaft ginn, besonnesch bei Jonken.

"Et ass eng Fragilitéit do bei de Jugendlechen, déi se dann natierlech e Stéck och verstoppen. Déi eng sinn da méi rebellesch, déi aner zéie sech méi zréck. Do ass vill Versteesdemech vun den Elteren erfuerdert."

Et wier wichteg, dass een de Jugendleche vermëttelt, dass se egal wat geschitt, se kënne bei hir Eltere kommen, esou de Psycholog.

"Déi ganz tragesch Geschichte vu Jugendlecher, déi schlecht ausgaange sinn, dat waren der, wou d'Elteren déi Jugendlech fale gelooss hunn."

Mobbing a Sträit an de Schoulen a Lycéeën hätt et schonn ëmmer ginn. Et géif awer ëmmer méi dacks virkommen, dass Jugendlecher an enger grousser Detresse sinn.

D’Digitaliséierung an déi sozial Reseauen hätten en zousätzlech negativen Effekt, och do misst een de Konsum aschränken a besonnesch bei de ganz klenge Kanner oppassen, wat ee mécht a wéi eng Wäerter ee vermëttelt.

"D'Schoulen hunn do eng ganz zentral Roll. Si sinn net nëmmen do fir Wëssen ze vermëttelen, mee och fir Wäerter ze vermëttelen. Déi musse festgeluecht ginn an déi mussen och gelieft ginn."

Den Handy-Verbuet an de Schoulen ass fir de Gilbert Pregno eng positiv Entwécklung.