Op der Visitt goufen Erfarungen tëscht den Zaldoten an dem Rehazenter ausgetosch. An Zukunft kéinten blesséiert Ukrainer hei och behandelt ginn.

Et goung virop drëms, Erfarungen auszetauschen. Wéi Patienten hei am Land begleet ginn, fir zum Beispill no engem uergen Accident de Wee zeréck an den Alldag ze fannen.
 
Den Anton, den Alexander, de Sasha an de Vlad hate vill Froen un d'Personal. Wéi mam Exosquelette geschafft gëtt? Wéi déi héich moderne Fitness-Apparater funktionéieren. Wéi generell mam Patient geschafft gëtt. 
 
Den Anton huet béid Äerm an ee Bee verluer
 
Eent, huet d'Personal dem Anton net missen erklären. Wéi een nees léiert, Auto ze fueren. Den 2. Mee 2023 gouf deen Haut 41 Joer alen Zaldot vun enger Artillerie-Granat getraff. Zwee Joer méi spéit ass hie selwer mam Auto vu Kiew op Lëtzebuerg komm. E Gefier, wat hie selwer, senge Besoinen no ëmgebaut huet. Houfreg erzielt hien, datt hie sech verschidde Stécker, selwer um 3D Printer nogemaach huet. D’Ukrainer hätten déi lescht Jore geléiert, sech all méigleche Situatiounen un ze passen.

Den Alexander gouf 2015 wärend der éischter russescher Invasioun blesséiert

Hie dréckt mer d'Hand, mat sengem Bioneschen Aarm. Deen dem ''Tytanovi'' Projet säin Numm gëtt, iwwer dee blesséiert Zaldoten zeréck an den Alldag gehollef kréien. 16 Sensoren uewen an der Schëller ginn d'Signaler vum Gehier weider an den Aarm. Een esou en Aarm kascht 125.000 Euro.

Houfreg weist eis den Alexander e Video, wou hie mam Bou schéisst. 2018 huet hien op den Invictus-Games, Olympesch Spiller fir blesséiert Krichsveteranen, eng Sëlwermedail gewonnen. 
 
Den Impakt vum Krich op de Gesondheetssecteur ass enorm 

 
Dëst sinn zwee Temoignagen, déi weisen, wéi schwéierblesséiert ukrainesch Zaldoten sech zeréck an d'Liewe kämpfen. De Krich huet déi lescht dräi Joer erschreckend vill Affer gefuerdert. Op ukrainescher Säit geet een dovun aus, datt den Ament eng 100.000 Zaldote wéinst Amputatiounen op Rehabilitatioun ugewise sinn. En enormem Challenge.
 
Lëtzebuerger Spenden, fir Hand mat unzepaken
 
En Dënschdeg den Owend um Gala vun der ASBL LUkraine an doriwwer eraus nach bis Enn vum Mount, ginn hei zu Lëtzebuerg Spende gesammelt, fir d'Reeducatioun vun ukraineschen Zaldoten ze finanzéieren. Mat der Hoffnung dat och Zaldoten hei am Land behandelt kënne ginn.

Impressionéiert huet e Méindeg de Mëtteg virun allem e Studio, wou de Patient virtuell analyséiert gëtt, fir dann déi bescht méiglech ugepasste Prothees ze produzéieren. Eng Domaine ënner aneren, wou Lëtzebuerger Know-How an d'Ukrain exportéiert ka ginn.