Zanter Mee 2023 ass de Sasha, en ukraineschen Zaldot, un de Rollstull gebonnen. Zënter deem Dag, op deem en un der Front op eng Minn getrëppelt ass.

De Sasha erzielt, wéi d'Explosioun him dat lénkst Been ewechgerappt huet. An der Klinik huet och missen dat Rietst amputéiert ginn. 3 Mol war e klinesch dout. 8 Deeg louch dee jonken Ukrainer am Koma.

"Meng Rehabilitatioun huet ee Joer gedauert. Ech gouf zanter Mee 2023, 24 Mol operéiert. Am Ufank hunn ech traditionell Protheese benotzt. Du krut ech elo Osteo-Integratioun gemaach. Also eng Staang aus Titan an den Uewerschenkel implantéiert, fir meng nei Protheesen ze fixéieren. Elo fänkt eng weider Reeducatioun un. Ech léiere mat deene Protheese goen. Ech wëll eraus aus dem Rollstull. Ma dat hëlt Zäit."

Mat 16 Joer huet de Sasha ugefaangen um Bau ze schaffen. Mat 18 huet e schonn eng ganz Ekipp dirigéiert. De Krich, seng Verletzung, hu säi Liewen op d'Kopp gehäit. Op en éischte Bléck wierkt hie verspillt. Positiv gestëmmt. Eng éischten Impressioun, hannert där sech eng aner Realitéit verstoppt huet.

"No menger Reeducatioun wëll ech weider an engem Rehazenter Hand mat upaken. Ech wëll hinne virun allem hëllefen, Depressiounen z'iwwerwannen. Ech hat selwer ganz schwéier Momenter. Ech hat eng ganz Rei un depressive Phasen. Déi nei Situatioun acceptéieren, ass net einfach. Ech wëll aner Zaldoten ënnerstëtzen. Zesummen, kënne mer Liewe retten"

De Vlad huet virun 3 Joer, direkt am Ufank vum Krich en Aarm verluer. Seng Reeducatioun war relativ kuerz. Ee Mount. Ma dunn huet en anere Kampf ugefaangen. Suen zesummen ze kréien, fir Protheesen ze finanzéieren. 6 Milliounen ukrainesch Hryvnia, also eng 128.000 Euro.

''Ech hunn ugefaangen, op Twitter Geld fir mech selwer ze sammelen. Well d'Protheese wierklech ganz deier sinn. An duerno sinn ech weidergefuer. Ech froen elo och no Done fir aner Zaldoten. An engem méi grousse Mooss.''
 
Et wier wichteg, zesummen ze halen. Nëmmen esou kéint ee villes erreechen. Dem Vlad geet mer drëms, sou vill wéi méiglech Protheesen ze finanzéieren. Äerm, Been, fir Zaldoten, déi sech ouni finanziell Ënnerstëtzung keng leeschte kéinten. Bis Enn um Mount ginn och hei zu Lëtzebuerg Done fir den ''Tytanovi Projet'' gesammelt. Iwwer d'ASBL LUkraine. Den Alexander, den Anton, de Sasha an de Vlad. An den Ae vun den Ukrainer, si si Helden. De Respekt ass grouss, wéi eng Standing Ovation et am Kader vun der Visitte vum fréiere President Viktor Iouchtchenko et gewisen huet.