Zënter e Freideg an der Mëttesstonn ass de Mäertchen op a presentéiert sech mat engem neien Opbau an engem neie Look.

De Mäertchen an der Stad gëtt et schonn esoulaang wéi d’Oktav. Hei konnten d’Leit, déi dacks vill Kilometer zu Fouss gepilgert sinn, sech stäerken. Haut ass de Mäertchen éischter eng Zort Kiermes, a fir d’Lëtzebuerger Forainen eng wichteg Akommesquell. Nodeems d’Buden zejoert nach bei der Gëlle Fra stoungen, si se fir dës Editioun zeréck um Knuedler a presentéiere sech an engem neie Look, engem neie Konzept, hannert deem d'Gemeng stécht.

De Patrick Goldschmidt, als Schäffen zoustänneg fir de Mäertchen, erkläert, dass een net just well hei kee Schantje méi wier, een nees fort vun der Gëlle Fra ass. Zejoert hätt d’Wieder net matgespillt a well een de Restaurateuren och gesot hätt et géif ee probéieren, de Mäertchen nees op de Knuedler ze plënneren, hätt een dat elo gemaaach, mee ebe mat der neier Formule vun deem groussen an nawell deieren Iwwerdaach. An ouni déi klassesch, grouss Restauranten.

RTL

De Charel Hary,President Fédération nationale des commerçants forains, zéckt net laang, wann e gefrot gëtt, wou hie léiwer stee: uewen um Knuedler wier dat, well dat wier Traditioun an do wier et och vill méi schéin a praktesch fir si.

Déi verschidde Stänn respektiv Buden deele sech d’Terrass an der Mëtt, et wier Plaz fir eng 400 Leit. Sech eppes mat huele geet awer och. Fir dass d’Fett deen neie wäisse Buedem net ze vill verhonzt, stinn d’Buden op enger Zort Teppech.

RTL

De Laurent Schwaller, Chef vum Servive espace public, fêtes et marchés vun der Stad Lëtzebuerg preziséiert, dass een all d’Stänn, an dat wieren Lëtzebuerger Familljen, gehalen hätt, mee well een en neit Konzept gewollt hätt, hätt ee sech fir den Iwwerdaach decidéiert. Entstane wier déi quasi gréissten Terrasse aus dem Land, mat Food-Village- Atmosphär.

RTL

De Charel Hary ass begeeschtert a frou, dass d’Gemeng hinnen dat Zelt opgeriicht huet. Wann d’Wieder dann nach géing mat spillen, géif et e gudde Mäertchen.

Dat geet hoffentlech och dann nach op, wann et vun der Säit era bléist a reent, mee mole mer den Däiwel emol net un d’Mauer, well hei ass jo awer ëmmer nach d’Oktav mat am Spill. Déi feiert e Samschdeg de Mëtten iwwregens hiren Optakt. Eng kleng Stëppel dierf dann awer um Schluss net feelen... esou en Ënnerdaach gouf et an der Zäit dach och emol fir en Happening am Wanter!? Vläicht eng Iddi, fir deen nächste Chrëschtmaart, oder net?!