Geschützte Millen duerch Chantier an akuter Gefor
Krane wéi en Damoklesschwäert? Déi al Wandmillen um Belair um Terrain vum CHL. / © Luc Marteling
D’Wandmillen um Areal vum Centre Hospitalier ass zënter 2002 geschützt a soll RTL-Informatiounen no elo Plaz maachen, well se d'Ambulanzen hënnert.
De Busarrêt an der Areler Strooss ass no hir benannt an eng nei Residenz soll och hiren Numm droen: Rieds geet vun der "Wandmillen" um Belair, engem ronne Bau am Val Fleuri, direkt nieft dem aktuelle Schantje vum Centre Hospitalier.
D'LDF, d'Lëtzebuerger Denkmalschutz-Federatioun, confirméiert op Nofro, datt den zoustännege Kulturminister nach Enn 2024 an enger Reunioun verséchert hätt, der Mille géing näischt geschéien. Den Eric Thill huet RTL géintiwwer elo erkläert, de Ball léich bei der Gesondheetsministesch Martine Deprez.
Eisen Informatiounen no kéimen d'Ambulanzen duerch déi historesch Millen net um séierste Wee vum Site erof an dofir misst se ofgerappt ginn.












Zu Lëtzebuerg sti just zwou där historescher Wandmillen, eng zu Nidderwolz an eng an der Stad. Béid sinn denkmalgeschützt. Déi an der Stad läit um Terrain vum CHL, do wou d'Maternité stoung.
Den Ament sinn hei gréisser Bauaarbechten am Gaangen.
Eng Erënnerung un eppes, wat geschwë verschwonnen ass? Den Arrêt Wandmillen op der Areler Strooss.