"Make Amazon Pay" war eng Maniff vun enger 30 Leit an der Groussgaass
© Diana Hoffmann
D’Vertrieder aus der Zivilgesellschaft an der Politik hu géint d’Ongläichbehandlung vun Amazon par rapport zu aneren Entreprisë manifestéiert.
D’Firma Amazon mécht aktuell mam Black Friday a weidere speziellen Deeg hiert grousst Geschäft. Ma e puer Mënschen, déi sech um verreente Freidegmëtten an der Groussgaass afonnt haten, gesinn dat méi kritesch. «Make Amazon pay», «Amazon supports Trump’s racist, sexist and LGBTA+phobic politics” oder “Amazon messes with it’s customers’ private data” steet op hire Plakater ze liesen. D’Aktioun, zu där ënner anerem d’Plattform CELL, d’ASTM, den OGJ, Greenpeace an déi Lénk opgeruff hunn, ass Deel vun enger weltwäiter Aktioun, déi an iwwer 30 Länner ofgehale gëtt.
D'Kritik vun de Manifestanten ass zesummegefaasst, dass Amazon op diverse Punkten ëmmer nees eng Extrabehandlung kritt. Vum Volet vun der Ëmwelt hier gesinn, wier de Konzern net transparent. «Amazon sicht verschidde Chifferen eraus fir ze soen: Kuckt, dee Bam ass super. Mee mir schwätze vum ganze Bësch. Vum ganzen Impakt duerch Amazon», dréckt et de Léonard Andersen vun der Plattform CELL aus.
Wéi och déi aner Tech-Risen, wier Amazon drop spezialiséiert, fir z’evitéiere Steieren ze bezuelen, ënnersträicht de Jean-Sébastien Zippert vum Collectif Tax Justice Lëtzebuerg. Deemno géing d’Entreprise par Rapport zu hirem Benefice net déi Steiere bezuelen, déi se misst. «Lëtzebuerg soll, sou wéi déi aner Länner, wou Amazon aktiv ass, e «Country by country Reporting-System» en place sëtzen», fënnt de Jean-Sébastien Zippert. Heescht, dass d’Entreprise misst soen, wéi vill Benefiss si an all Land mécht, wou se present ass, dat ënner anerem par Rapport vun der Zuel vun de Salariéen.
Amazon géing an den USA eng autoritär Regierung ënnerstëtzen, wou Mënscherechter mësshandelt ginn. Et misst ee sech d’Fro stellen, ob dëse steierlechen Deal, deen d’Regierung mat der Entreprise huet, nach gerechtfäerdegt wier, mengt den André Marques vun Déi Lénk. Eng weider Fro géing sech a Punkto Dateschutz stellen, wou Amazon ëmmer nach kéint mat den Date maachen, wat d’Entreprise wëllt. Wat bréngen déi grouss Investitioune vun Amazon, wann awer Aarbechtsplazen am Land verschwannen, wéi rezent ugekënnegt, freet sech de Representant vun Déi Lénk. Déi Leit, déi entlooss ginn, well se duerch AI ersat ginn, géingen och nees manner zu Lëtzebuerg consomméieren.
Och Collectif Palestine Lëtzebuerg huet sech der Maniff ugeschloss, well Amazon um Projet Nimbus bedeelegt wier. Amazon a Google géingen hei en Dateservice, Cloud an IA ubidden, deen ënner anerem an der Gazasträif vun Israel genotzt gi wier. Dëst fir Bombardementer, a fir d’Verifikatioun vu militäreschen Ziler, wéi de Marc Burggraff erkläert. «Se missten dee Kontrakt am Endeffekt opléisen, well et si ganz kloer Verstéiss géint d’Mënscherechter, déi domat begaange ginn, sou de Vertrieder vum Collectif Palestine.
Mee nees zréck an d’Groussgaass. U wiem wier et dann elo ze handelen? Op éischter Plaz wier et Amazon, mengt de Léonard Andersen vun der Plattform CELL. D’Firma misst méi Engagement weisen. Misst méi transparent ginn a mat sengen ierféierenden Argumentatiounen ophalen. Doriwwer eraus missten d’Regierung an déi ëffentlech Autoritéiten en exigente Kader sëtzen, wat d’Ëmwelt a d’Fiskalitéit ugeet. «A jo, mir Consommateuren, Dir, d’Leit déi consomméieren. Fir är Gesondheet, fir déi zukünfteg Generatiounen», sou de Léonard Andersen. Et wier kuerzfristeg och eng Fro vun der Gesondheet, mee laangfristeg eng vun de Limitte vun eisem Planéit.