Si war bei der Stater Police am Asaz, huet Friddensmissioune matgemaach a schafft haut als Vertriederin vun der Lëtzebuerger Police bei Europol.

Am Sonndesinterview erzielt si, firwat déi international Zesummenaarbecht ëmmer eng Passioun fir si war, wéi den Alldag bei Europol ausgesäit a wisou si sech an Holland direkt doheem gefillt huet.

Fir vill Polizisten ass d’Aarbecht um Terrain dat flottst um Beruff vum Polizist, dat war och fir d’Myriam Meyer laang Zäit esou.

Si huet fënnef Joer laang an der Stad Lëtzebuerg geschafft an huet dobäi vill erlieft:

"Ech hunn um Terrain geschafft, vill mat Drogenhandel ze di gehat, vill gesinn, wéi komplex a wichteg d’Aarbecht an der Präventioun an der Repressioun ass."

Déi international Perspektiv koum net vun ongeféier: Si war ënner anerem an enger EU-Friddensmissioun am Mali an a Palästina aktiv.

"Dës Missioune ware fir mech Schlësselerfarungen. Et huet mir gewisen, wéi villfälteg a global d’Policeaarbecht ka sinn. An ech hu gemierkt, dass ech mech do och wuel fillen."

Haut schafft d’Myriam Meyer am Büro vun der Lëtzebuerger Police bei Europol, dat als sougenannte Verbindungsbeamten. Insgesamt schaffen 3 Leit fir Lëtzebuerg bei Europol zu Den Haag.

RTL

vu lenks no riets: Claude Scho, Myriam Meyer, David Bourson / © Pierre Weimerskirch

Mee wat heescht dat ganz konkret?

„Et geet haaptsächlech dorëms, Informatiounen auszetauschen, séier, präzis, zouverlässeg. Vill leeft automatiséiert iwwer Systemer wéi Sienna, mee et ginn ëmmer nees Fäll, wou mir mussen agräifen: wann Donnéeën net ukommen, wa se feelerhaft sinn, oder wann et ëm méi komplex Zesummenhäng geet.“

Verbriechen halen net u Grenzen op a grad do kënnt Europol an d'Spill. An esou Fäll géif een aktiv ginn, et versicht een déi richteg Acteure vun internationale Policë beieneen ze bréngen, fir Problemer ze léisen.

RTL

Zentral vun Europol zu Den Haag. / © Pierre Weimerskirch

Verbriechen halen net u Grenzen op

Wann e Land eng Spuer huet oder en neie Phänomen vun der organiséierter Kriminalitéit an engem Land ëm sech schléit, da géif och d’Lëtzebuerger Police kucken, ob et och schonn am Grand-Duché Informatioune gëtt.

"Den Austausch vun Donnéeën aus verschiddene Länner, ka ganz séier zu neie Piste féieren. An dat mécht eis Aarbecht sou essentiel.“

Pragmatesch Kooperatioun mam Montenegro

„Mir hu mam Montenegro ugefaangen. Do war de Chef vum Analyse-Büro op Lëtzebuerg invitéiert, huet d’Police Judiciaire besicht an och d’Formatiounsstrukture kennegeléiert“, erkläert si.

Et goufen och Gespréicher op héchstem Niveau, wou d’Strategien an d’Erausfuerderunge vum jeeweilege Land diskutéiert goufen.

Besonneschen Interessi haten d’Montenegriner un den Efforten, déi zu Lëtzebuerg gemaach goufen, fir nei Rekrutten ze fannen. Bannent kuerzer Zäit hätt een et gepackt, vill nei Polizistinnen a Polizisten ze fannen.

Den Haag, eng nei Heemecht op Zäit

Op der privater Säit ass de Wiessel vu Lëtzebuerg op Den Haag fir d’Myriam Meyer méi einfach gewiescht wéi fir vill anerer:

"Ech si schonn duerch meng Missioune gewinnt, vill ze plënneren an en Deel vu menger Famill lieft och hei. Et huet also alles gutt zesumme gepasst."

D’Stad selwer huet si och direkt verzaubert. Besonnesch d’Internationalitéit vun der Stad gefält hir gutt.

RTL

Den Haag ass un der hollännesccher Küst. / © Pierre Weimerskirch

Op d’Fro, ob si sech e Retour op Lëtzebuerg virstelle kéint, kënnt eng reflektéiert Äntwert:

„Ech hunn nach e puer Joer viru mir, mee ech gesinn dës Plaz hei als Etapp a menger Karriär. Eng Etapp, déi ech mat voller Iwwerzeegung ugeholl hunn a wou ech all Dag mierken, wéi vill Sënn d’Aarbecht mécht.“