"Déçu.e.s, bouleversé.e.s, choqué.e.s, ébahi.e.s"

D'Theater-Federatioun reagéiert op d'Verurteelung vun engem fréiere Member vum Verwaltungsrot wéinst pedo-kriminellen Akten.
D'Urteel geet hannescht op de 27. Mäerz, mee elo eréischt schéngt et den Tour ze maachen. Dorop léisst op d'mannst de Communiqué schléissen, deen d'Theater-Federatioun en Dënschdeg den Owend verschéckt huet:
C’est avec effroi que les membres de la THEATER FEDERATIOUN ont appris les agissements pédocriminels d’un ancien administrateur de la federation.
Esou fänkt d'Schreiwes un an da soe sech d'Memberen "enttäuscht, matgeholl, schockéiert, platt" wéinst deem, wat se iwwer hire fréiere Mataarbechter gewuer goufen:
Comme tous.tes les membres des différentes associations qui ont travaillé avec cette personne, les membres de la THEATER FEDERATIOUN sont : « déçu.e.s, bouleversé.e.s, choqué.e.s, ébahi.e.s » par ces révélations.
Bis de leschte Weekend hätt een näischt matkritt vum Duebel-Liewe "vun dëser Persoun" – keen Hiweis, keng Rumeur.
D'Theater-Federatioun schreift an hirem Communiqué och vun "nombreux actes illégaux", fir déi den Auteur an éischter Instanz verurteelt gi wier.
5 Joer feste Prisong, awer nach net rechtskräfteg
Wann een am 75 Säite laangen Urteel liest, mierkt ee séier, datt dem Verurteelten e sëllegen Akten zur Laascht geluecht ginn – de Besëtz vu kannerpornografeschem Material ass dobäi ee Punkt vu villen. Dofir gouf et vun der Justiz 13 Joer Prisong, 5 fest an 8 op Sursis. Géint dëst Urteel aus éischter Instanz gouf awer Appell gemaach, esou datt et nach net rechtskräfteg ass.
Fir d'Affer ze schützen, huet RTL grad ewéi d'Theater-Federatioun an hirer Matdeelung an och aner Medien decidéiert, à ce stade keen Numm ze nennen.
D'Theater-Federatioun betount och, datt d'Doten am Private geschitt wieren, net am Kultur- oder am Theatermilieu. Se verurteelt d'Akten an dréckt den Affer hir Solidaritéit aus, et misst een elo Récksiicht op si huelen: "Elle insiste également sur la nécessité d’un traitement discret, respectueux et digne à leur égard."