Et ass eng Traditioun um Traditiounsmaart. Regierung a Press begéine sech eemol am Joer fir en informellen Echange um Mäertchen.

Traditionelle Rendezvous um Mäertchen / Reportage: Pit Everling

Beim Maufel a Patt geet et net just ëm eescht politesch Dossieren. Den informelle Rendez-vous wier flott, fir d'Press-Leit, mat deenen een am Alldag ze dinn huet, och emol vun enger anerer Säit kennen ze léieren, sou de Luc Frieden.

De Premier huet um RTL-Mikro verséchert, datt de Sujet Pensiounsreform laang an intensiv bannent der Regierung diskutéiert gouf an datt all Decisioun mat alle Ministeren zesummegeholl gouf. D'Stëmmung an der Koalitioun wier excellent. Och a senger eegener Partei hätt hien déi néideg Ënnerstëtzung am Dossier Pensiounen. D’Pist vun de verlängerte Cotisatiounsjore wier am Nationalrot diskutéiert ginn an do géif et e breede Konsens ginn.