Esou ass e Schreiwes vun der ACEL iwwerschriwwen, eben iwwert déi geplangte Pensiounsreform.

Dass de System nohalteg soll nei opgestallt ginn, begréisst d’Associatioun vun de Studente-Cerclen, allerdéngs gëtt bedauert, dass d’Propositioune vum Premier sech quasi ausschliisslech op eng Hausse vun der Cotisatiounszäit konzentréieren.

Domat géif keng Generatioune-Gerechtegkeet geschaaft. D’ACEL kritiséiert och, dass d’Conclusiounen aus der Experteronn bis ewell iwwerhaapt net consideréiert gi wieren. D’Regierung hätt scho Saachen annoncéiert, ier d’Ofschloss-Rapporten iwwerhaapt virleien.