Op Uerder vum Europäesche Parquet goufen tëscht 20.000 a 25.000 Euro vun der Partei blockéiert.

Et gëtt een neien Ament an der Polemik ronderëm déi finanziell Gestioun bei der d'Piratepartei. Wéi RTL confirméiert krut, gouf et rezent eng Saisie op verschidde Konte vun der Partei, dat duerch den Europäesche Parquet. Am Fokus steet de fréiere Parteipresident Sven Clement, och ee fréieren Tresorier ass viséiert. Am Ganze geet et ëm eng Zomm vun tëscht 20.000 a 25.000 Euro.

Ee vun de Coordinateure vun der Partei, de Ben Lomel, schwätzt op Nofro hi vun engem Schock. Den 3. Juni géing den Ëmgank mat där Saisie um Ordre du jour vun der nächster Parteileedung stoen.

"Dat kann ee sech esou virstellen, datt mer warscheinlech alleguer zesummesëtzen, warscheinlech och den Här Clement, wann e present ass, an da wäerte mer dat zesummen diskutéieren an eis beroden, wéi mer do virufueren. Wéi gesot, d'Virwërf si jo scho bekannt, et ass näischt Neies am Fong."

D'Partei wier awer weiderhi finanziell handlungsfäeg.

Hannergrond vun der Saisie ass déi sougenannte MALT-Affär. MALT war eng Iwwersetzungsapp, déi d'Piratepartei um Héichpunkt vun der Flüchtlingskris, am Optrag vum Staat fir den Office national de l'accueil entwéckelt hat. Spéider gouf allerdéngs kontestéiert, datt d'Suen, déi d'Partei krut, wierklech all an d'Entwécklung vun der App gefloss sinn.

Duerch déi Onreegelméissegkeete war et d'lescht Joer zum Parteiaustrëtt vum Nord-Deputéierte Ben Polidori komm. Als Reaktioun dorobber hate sech déi zwee aner Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen an der Ëffentlechkeet géigesäiteg ënnert anerem Mobbing reprochéiert an eng Partie lokal Mandatairen haten de Piraten de Réck gedréint.