6 Joer huet et vum Hiweis vu Kannermëssbrauch bis zum Urteel gedauert. Wéi gesäit et ëm de Schutz vum Affer aus a wisou huet et esou laang gedauert?

D’Police Judiciaire, méi genee d’Sektioun fir de Jugendschutz a Sexualstrofdoten zu Lëtzebuerg krut den 21. August 2019 e Rapport vun der Europäescher Police (Europol). Dësen huet eng Persoun aus dem Theatermilieu der Pedo-Kriminalitéit verdächtegt. 72 Biller vu kannerpornographeschem Charakter, ware vun engem Account, deen dem haut Ugeklote konnt zougeuerdent ginn, erofgeluede ginn. Eréischt eng 10 Méint méi spéit, den 9. Juli 2020, kënnt et zu Perquisitioune vun der Police beim Verdächtegen doheem.
 
Eng éischt Fro, déi sech stellt ass, wisou et esou laang bis zu der Perquisitioun gedauert huet. Op dës Fro konnt nach keng direkt Äntwert fonnt ginn. Theoretesch hätt den Ugeklote kéinte weider Strofdote maachen. Ma och no der Perquisitioun, wou eng ganz Rëtsch un Datespäicher, dorënner 17 Festplatten, 16 DVDen, 3 Späicherkaarten an zwee Handyen, confisquéiert goufen, huet de Verdächtege säi Liewe weidergelieft. Doheem bei senger Famill, mat senger mannerjäreger Duechter, déi och Affer vum Mann gi war. Och weiderhin huet hie sech an diversen Associatiounen am Kulturberäich engagéiert. Eréischt am Mäerz 2023 goufen d’Fra a seng nach ëmmer mannerjäreg Duechter zu de Reprochë befrot. Am Summer 2024 gouf d’Enquête ofgeschloss. De  27. Mäerz 2025 gouf d’Urteel an éischter Instanz gesprach. De Verurteelten ass awer an Appell gaangen.
 
Et war eng enorm Quantitéit u Material, wat vun der Police huet mussen ausgewäert ginn. Aus dem Urteel geet ervir, dass et sech dobäi ëm iwwer 23.000 Dateie gehandelt huet. Dorënner falen och Videoen. «Fakt ass awer och, dass an dësem Beräich souwuel d’Sektioun Nouvelles Technologies vun der Police Judiciaire, wéi och déi vun der Protection de la jeunesse net iwwert genuch Leit verfügen, fir déi etlech Fäll, mat deene si konfrontéiert sinn, an engem méi kuerzen Delai kënnen ofzeschléissen», heescht vum Parquet op Nofro hin. Doriwwer eraus gëtt drop verwisen, dass an där Zäit d’Corona-Pandemie war, wat net gehollef hätt, dass et méi séier géing goen.
 
Kritik koum dann ënner anerem vum Kasemattentheater, wou den Ugeklote Member war. An hirem Verwaltungsrot war riets vun enger Faille am Justizsystem, well keen éischter iwwert d’Affär informéiert gewiescht wier. De Mann hätt kënnen déi ganzen Zäit a Kontakt mat Mannerjärege kommen. De Parquet weist hei drop hin, dass de Concernéierten zanter 2023 engem Contrôle judiciaire géing ënnerleien, deen ënner anerem géing virgesinn, dass hien net dierft a Kontakt mat Mannerjärege kommen. D’Fro, wéi eng Roll dat bei senger mannerjäreger Duechter spillt, ass domat net gekläert.
 
De Parquet huet dann awer nach drop higewisen, dass et an deem heite Fall zu enger Enquête sociale vum Service Central d’Assistance Sociale (SCAS) komm wier. Deemno wieren Iwwerpréiwunge beim Mann a senger Famill gemaach ginn. Zu wéi engem Zäitpunkt dat war, gouf net preziséiert. «Op Basis vum Artikel 38 vum Jugendschutzgesetz kënne mir awer keng méi detailléiert Informatiounen dozou erausginn», heescht et da weider.
 
Op d’Fro, ob dann de Kasemattentheater, respektiv eventuell e Patron, net hätt missten avertéiert ginn, am Fall wou kéinten Drëttpersounen a Gefor sinn, verweist de Parquet ënner anerem op d’Dateschutzgesetz. Ma nieft dësem wier een awer och un d’Untersuchungsgeheimnis gebonnen an un de Prinzip vun der Onscholdsvermuddung. «Am Hibléck dorobber wier et fir eis als «Autorités judiciaires» méi wéi heikel, Abstraktioun dovunner ze maachen an da sensibel Informatiounen un Drëttpersounen erauszeginn», betount de Parquet schrëftlech.

Eng Ännerung vum Gesetz ass an der Maach

 

Wat e Weidergi vun esou Donnéeën ugeet, sinn de Justizautoritéiten den Ament d’Hänn gebonnen. En neie Projet de Loi ass an der Maach. De Projet de Loi Ju-Cha 7882B. Dëse war an de Ju-Cha-Text mat erageholl ginn. Ju-Cha steet fir Justice Chaîne Pénale a bezeechent eng Datebank vun der Justiz.
 
Am Gesetzesprojet geet et dorëm, ënner wéi enge Conditiounen Donnéeën, déi an der Justiz kënnen existéieren, un eng aner Persoun kënne weidergi ginn. «Grad a Fäll vu Pedokriminalitéit, wou de de Verdacht am Raum steet, dass Kanner mëssbraucht ginn oder, wann ee géing mat Kanner oder Jugendlechen zesummeschaffen”, erkläert déi fréier Justizministesch Sam Tanson (Déi Gréng), déi de Projet deposéiert hat. Zwar géing d’Onscholdsvermuddung gëllen, mee dës kéint relativiséiert ginn, grad dann, wann et dorëm geet, aner Leit ze schützen. A bestëmmte Fäll kéinte mam neie Gesetz Informatioune vun der Justiz un den Employeur, Associatiounen oder Veräiner weidergi ginn.
 
Den Text 7882B huet bis elo fir vill Diskussioun gesuergt, well et e sensibelt Zesummespill tëscht Dateschutz, der Onscholdsvermuddung an engem méigleche Schutz vun Drëttpersounen ass. Bei der Justiz schéngt een dës Erausfuerderung den Ament op eng informell Manéier unzegoen. An deem Sënn, dass de Procureur général d’Etat a bestëmmte Fäll d’Responsabilitéit iwwerhëlt fir Drëttpersounen z’avertéieren. «Mir als « Autorités judiciaires » géifen et begréissen, wann dëse Projet de loi esou séier wéi méiglech kéint ëmgesat ginn », schreift de Parquet. Vum Justizministère heescht et, dass den Dépôt vun den Amendementer zu Gesetzesprojet fir de Summer geplangt ass.

Wat sinn d’Strofe fir de Mëssbrauch vu Mannerjäregen an deem Kontext

Pedokriminalitéit a Kannermëssbrauch fält net ënner een eenzege Strofbestand, mee ëmfaasst eng ganz Rei vun Deliten. Dat jee no Handlung, Alter vum Affer an der Roll vum Täter.
 
Op Atteinte à l’intégrité sexuelle also sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjäregen ënner 16 Joer steet eng Prisongsstrof tëscht 5 an 10 Joer. Wa Gewalt am Spill war, Menace gemaach goufen oder d’Affer ënner 13 Joer ass,  läit dës tëscht 15 an 20 Joer. Wa Gewalt ugewannt gouf bei Kanner ënner 13 Joer, steet eng Strof tëscht 20 bis 30 Joer Prisong drop. Circonstances aggravantes sinn, wann den Täter mam Affer Famill ass. An deem Fall ka sech d’Strof verduebelen.
 
Fir d’Produktioun a Verbreedung vu kannerpornografeschem Contenu ass eng Prisongsstrof vu 5 Joer virgesinn, déi awer och vum Alter vum Affer ofhänkt. Wann d’Affer ënner 16 Joer al ass, läit se tëscht 5 an 10 Joer. Wann et manner wéi 11 Joer huet, ass se tëscht 10 a 15 Joer. D’Strof kann awer mat aneren Delite cumuléiert ginn.
 
Och d’Erumaachen u Mannerjäreg iwwer Internet, mat sexueller Intentioun (genannt Grooming), steet ënner Strof. De Code Penal gesäit hei 1 bis 5 Joer Prisong vir. Dës Strof kann an d’Luucht goen, wann den Täter an engem Muechtverhältnis zum Affer steet (Familljemember, Trainer, Schoulmeeschter) oder a Kombinatioun mat anere Sexualdelikter (wéi Mëssbrauch oder de Besëtz vu kannerpornografeschem Material).