Déi national Wiederagence Meteolux gëtt eng Alerte Jaune fir de Samschdeg tëscht 12 an 20 Auer eraus. 

Am ganze Land besteet de Risk vu Wiederen a Reen vun tëscht 15 an 25 Liter de Metercarré. De Wand ka mat bis zu 90 Stonnekilometer blosen an et kéinten och plazeweis Knëppelsteng falen. Virop tëscht 14 an 18 Auer kéint et ongemittlech ginn, mat "kräftege Wiederen".

Cellule hält Situatioun am A

Wéinst dem onséchere Verlaf vun der Meteo dëse Samschdeg, wou nieft dem ING Marathon och d'Fèche du Sud ofgehale gëtt, huet d'Cellule d'évaluation du risque d'intemperie sech de Mëtteg gesinn. D'Cellule huet decidéiert, een Avis fir Donnerwiederen, staarke Wand a Knëppelsteng erauszeginn.

Alles ronderëm den ING Marathon gitt Dir hei gewuer.

Wéi och scho Meteolux matgedeelt huet, wäert et virun allem tëscht 13 an 18 Auer ongemittlech ginn. Staarkreen vun tëscht 15 a 25 Liter de Metercarré si méiglech, genee wéi lokal Wandspëtzte bis 90 Stonnekilometer. Sollt e Wieder optrieden, géifen d'Previsioune weisen, datt sech d'Situatioun duerno awer relativ séier nees sollt calméieren, heescht et vun der Cellule.

D'Autoritéite ruffen d'Leit dozou op, opzepassen - dat virop bei sportlechen oder kulturellen Evenementer dobaussen. Et sollt ee sech net ënner Beem oder souguer een eenzele Bam stellen, an et soll ee Spadséiergäng am Bësch evitéieren. Et gëtt och geroden, Saachen, déi vum Wand kéinte fortgeblose ginn, ënnerzestellen.