D'Solidaritéit vun der CGFP huet hir Limitten
D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP manifestéiert de 25. Juni, dräi Deeg virun OGBL an LCGB, separat géint déi geplangte Pensiounsreform vun der Regierung.
D’Gewerkschaften am Land si jo alles anescht wéi begeeschtert iwwert den aktuelle Sozialdialog mat der schwaarz-bloer Regierung. Den 28. Juni mobiliséieren OGBL an LCGB gemeinsam, nodeems déi sech a méi Dossieren hannergaangen an ignoréiert fillen.
Deen Dag net mat op d’Strooss goen, wäert d’CGFP. D’Staatsbeamtegewerkschaft huet en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz hir eege Maniff ugekënnegt. De Mëttwoch 25. Juni wäert et um 13.30 Auer zu där Protestaktioun virun der Chamber kommen.
Nodeems den LCGB-President Patrick Dury e Méindeg de Moien hei op der Antenn vu sozialer Apartheid tëscht Staat a Privatsecteur geschwat hat, huet de President vun der CGFP, de Romain Wolff, en Dënschdeg de Moien demonstrativ ënnerstrach:
"Mir CGFP, mir si solidaresch mat den Uleies vun deenen aneren zwou national representative Gewerkschaften. Dat heescht, selbstverständlech mat deene betraffene Leit. Och mat deene betraffene Leit am Privé, am Privatsecteur."
Ma déi Solidaritéit huet awer hir Grenzen.
No enger Entrevue e Méindeg den Owend mat den zwee Ressortministere gouf op Säite vun der Gewerkschaft konstatéiert, dass déi méintelaang Phas vun der Consultatioun eng "Scheindebatt" war, déi ee sech hätt spuere kënnen. D'Sozialversécherungsministerin Martine Deprez an de Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes kéinte sech net fir d’Regierung engagéieren, mee se sollen d’Fuerderunge vun der CGFP mat an de Regierungsrot huelen. Fir d'CGFP wier et net acceptabel, dass d'Regierung versiche géif, op eege Fauscht weider Verschlechterungen ze beschléissen, ouni sech virdru seriö mat alternative Finanzéierungsméiglechkeete wéi zum Beispill enger successiver Erhéijung vun de Cotisatiounen ze befaassen.
Kee Sozialdialog
D'Gewerkschaft vun de Staatsbeamten huet och kee Versteesdemech dofir, dass d'Reform um Réck vun de jonken a vun de beruffstätege Leit géing ausgedroe ginn. Op Säite vun de Patrone missten dogéint bal keng Beiträg geleescht ginn. Et wier eng Schan, dass d'Regierung bei der Ried zur Lag vun der Natioun ouni Récksprooch mat de Sozialpartner no vir gaangen ass an unhand vu konkrete Piste scho virum Sozialdialog Tatsaache geschaaft huet. De Solidaritéitsprinzip géif dobäi komplett op der Streck bleiwen.
D'CGFP ass net averstane mam Dossier vun der geplangter Pensiounsreform a fuerdert, datt Proposen, déi am État de la Nation virgestallt goufen, vum Dësch kommen an dann e richtegen Dialog ugeet, esou de Romain Wolff. Donieft huet de President vun der Gewerkschaft annoncéiert, dass si keng aktiv Roll wäerte spille bei der Maniff den 28. Juni vun OGBL an LCGB, och wa si prinzipiell mat hinne solidaresch sinn.
"D'Regierung spléckt d'Gesellschaft. T'ass net un eis, fir do weider Spléckungen ze maachen an och ze suivéieren. Dofir kéint och emol gutt sinn, datt mer bemol all zesummen do stinn. Awer schéin der Rei no."
De Punkt, wou och d’CGFP fënnt, datt een zesummen méi staark ass, ass deemno nach net erreecht. OGBL an LCGB hate jo ugekënnegt, sech aus de verschiddene Gremie vum Sozialdialog zeréckzezéien, wa keng Tripartite aberuff géif. D'Demande no enger Tripartite hat d'CGFP duerchaus mat ënnerschriwwen.
"Fir e richtege Sozialdialog! Elo!"
Ënnert deem Motto sinn d'Membere vun der CGFP opgeruff, fir de Mëttwoch 25. Juni um 13.30 Auer géint d'Pensiounsreform a géint den Ugrëff op de bewäerte lëtzebuergesche Sozialmodell ze protestéieren. Zougesot hu schonn de Kooperatiounspartner FGFC an d'Gewerkschaft vun den Eisebunner SYPROLUX. Nieft der ugekënnegter Maniff ass d'CGFP awer weider oppe fir den Dialog, och wa si sech an hirem Communiqué zum Protest d'Recht virbehalen, zu méi drastesche Mëttelen ze gräifen, sollt d'Regierung net op hir Proposen agoe wëllen.
Reaktioun vum Premier Luc Frieden
D'Reaktioun vun der Regierung huet net laang op sech waarde gelooss. De Premier Luc Frieden schreift a senger Äntwert op de Bréif vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, dass all Sozialpartner, domat och d'CGFP, de 9. Juli um 15 Auer an de Staatsministère invitéiert sinn.
Dat gëtt eng Reunioun am Tripartite-Format, mee si däerf net esou genannt ginn. D’Tripartite wier e Kriseninstrument a mir wieren net an enger Kris, heescht et op Nofro aus dem Staatsministère. Sou soten dat och schonn aner Regierungen, wa se net mat de Gewerkschafte wollte negociéieren. Op den OGBL an den LCGB op dee Rendez-vous ginn, ass nach net decidéiert, well si jo explizitt eng Tripartite gefuerdert hunn. D’CGFP geet dohin.
D’Gewerkschaft vum Gemengesecteur FGFC huet e Méindeg de Mëtteg an engem Communiqué dozou op, un der Maniff vum 25. Juni vun hire Kolleege vun der CGFP deelzehuelen. Si géife de Kolleege vun OGBL an LCGB hir Ënnerstëtzung ubidden, fir e faire Wettbewerb tëscht ëffentlechem a privatem Secteur. A si fuerderen d’Gewerkschaften aus dem Privatsecteur op, nees an d’Gremie vum Sozialdialog zeréckzekommen.