Lëtzebuerger Industrie gesäit KI als Chance

© AFP
Et wier eng Chance fir d'Aarbechtsprozesser ze optimiséieren an ze kontrolléieren, Käschten ze reduzéieren an esou och méi Gewënn ze maachen.
Et géife nach Lacunnen, mee prinzipiell gesäit d'Lëtzebuerger Industrie déi kënschtlech Intelligenz als Chance. Dat geet aus engem rezente Sondage vun der Industriellefederatioun FEDIL ervir, dee bei bei klenge, mëttelstännegen a groussen Entreprisen an de Secteure Manufaktur, Konstruktioun, Transport a Logistik esou wéi bei Firme fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië gemaach gouf.
Allgemeng gouf sech oppen an optimistesch gewise géintiwwer der KI. Verbesserunge gi sech ënnert anerem nach gewënscht beim Accès zu den Donnéeën a bei der Formatioun. Dernieft wier d'Offer a Saachen kënschtlech Intelligenz och nach net bekannt genuch.