E Samschdeg krut d'Police zwee Fäll gemellt, an deene Saachen aus Gefierer geklaut goufen.

Am Nomëtteg haten Onbekannter sech op enger Tankstell zu Mamer Zougang zu engem Gefier verschaaft. Éischten Informatiounen no gouf hei eng Posch, en Tablet an eng Auer geklaut.

Owes ass dann d'Fënster vun engem Gefier um Boulevard de la Foire an der Stad ageschloe ginn. Hei hunn d'Täter e Portmonni matgeholl.

A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Wéi Dir Iech virun Abréch an Ären Auto kënnt schützen, gitt Dir hei gewuer.