Ze vill Bulli an invasiv Aarten
Ze vill Bulli a sëllegen invasiv Aarten, déi net heihi gehéieren. Op der Kockelscheier hunn d’Botzaarbechte vum éischte vun am Ganzen 3 Weieren ugefaangen.
Am Brakeweier op der Kockelscheier huet sech iwwert déi lescht Joren ze vill Bulli – a soss organescht Material, duerch Mënsch, Déier a Planzen ofgesat. Den Ament ginn eng 500 Meter-Kib Waasser, also Ronn ee Fënneftel vun enger Olympescher Schwämm, den Dag ofgepompelt, esou de Yann Thill, Chef Service Parcs vun der Stad Lëtzebuerg: "Bis de Weier dann nom Congé Collective ganz eidel ass. Da fänke mer un de Weier ofzedroen. De Bulli gëtt dann nieft dem Weier stockéiert, fir datt en dréchne kann."
Fir en dann op d'Deponie ze bréngen. Bis Enn 2026 soll de Brakeweier direkt beim Parking fir op d’Äispist eng Kéier komplett eidel gemaach, gebotzt an nees mat frëschem Waasser gefëllt ginn.
D’Waasser aus dem Weier, dat och benotzt gëtt, fir d’Äis an der Hal niewendrun ze entdeeën, ass d'Doheem vu geschate 5 Tonne Fësch. Iwwerraschend, well de Weier staark belaascht ass an am Summer mat iwwer 26 Grad och immens waarm gëtt, erkläert de Peter Rudolf, Gewässerökolog: "Aus ökologescher Siicht ass de Weier eigentlech eng zimmlech Katastroph. D’Waasserqualitéit ass ganz schlecht. Et sinn extreem vill Algen am Waasser. Et sinn ze vill Närstoffer dran, well d’Segimenter esou déck sinn. Et gesäit een dat brong, gréngt Waasser, et gesäit een ongeféier 1 Zentimeter duerch."
Et sinn ideal Konditiounen fir de Sëlwer-Kaarp. Ma wéi dësen hei ausgesat gouf, huet dësen - héchstwarscheinlech - iwwert seng Kiemen Larve vun der chineesescher Teichmuschel – eng immens aggressiv invasiv Aart importéiert. Eng Muschel, déi bis zu 30 Zentimeter grouss gëtt. "Et ass bis ewell deen eenzegen Noweis zu Lëtzebuerg vun dëser Muschel", esou de Gewässerökolog. "Dofir musse mer och oppassen, datt mer dës Zort net nach weider verbreeden. Well wann ee se emol bis an engem grousse Gewässersystem huet, da wäert se sech ganz séier verbreeden. An Aarten, déi net vun hei sinn, hunn tendenziell negativ Auswierkungen op déi ganz Ökologie. Se verdrängen dacks déi heemesch Aarten."
Iwwert déi nächst 3 Méint, bis datt de Weier kee Waasser méi huet, fëscht de Peter Rudolf a verschiddenen Etappe mat Netzer d’Fësch, d'Muschelen a Kriibsen eraus. Déi lokal Aarte gi fir kuerz Zäit an aner Weieren ëmgesidelt – invasiv Aarte ginn doutgemaach.
De Yann Thill vun der Stad Lëtzebuerg: "Dat heiten ass elo en éischte Pilotprojet, wou mer erausfannen, wéi dat ganzt ofleeft. Wou mer selwer léieren a Schwieregkeeten detektéieren. An enger nächster Phas kommen déi aner Weieren dann drun."
Dobäi gëllt et, virsiichteg ze schaffen. Fir de Risk fir d’Kontaminatioun vun anere Gewässer ze limitéieren.