D'Eraklammen an hire neie Posten als Ministesch war fir d'Joëlle Welfring „richteg intensiv“ an et war, virun allem an der Ufanksphas „net einfach“.

Déi gréng Politikerin Joëlle Welfring war jo bekannterweis an der viregter Regierung Ëmweltministesch, dat relativ kuerz, vum 2. Mee 2022 bis de 17. November 2023. Si huet souzesoen d'Legislaturperiod vum Carole Dieschbourg nach fäerdeg gemaach, iert se dann no de Walen virun 2 Joer an d'Chamber gewielt gouf. An engem Zäitraum vun net emol 2 Joer also, war d'Joëlle Welfring Direktesch vun der Ëmweltverwaltung, Ministesch vun der Lëtzebuerger Regierung an elo Deputéiert an der Chamber.

Den Haapt-Ënnerscheed fir d'Joëlle Welfring, net méi als Ministesch, mä als Deputéiert am Asaz ze sinn, ass, dass een net méi an esou enger grousser Ekipp schafft, an eben net méi an der Verantwortung wier. "Et fält engem e bëssen eng Laascht vun de Schëlleren, well een net méi sou am Fokus vun de Medien ass“. Ma dofir hätt een dann awer och manner Gestalltungsraum: "Et kann een net méi selwer Saache maachen, an dat ass dat, wat mer an sech am meeschte feelt."

Politik wier fir si nämlech zu groussen Deeler „en Handwierksgeschier fir Saachen ëmzesetzen". Dowéinst gesäit déi fréier Ëmweltministesch d'Aarbecht an der Chamber als ganz wäertvoll un, et wier grad elo wichteg, an Zäite vun der "Muecht vun de soziale Medien an der Demokratie, déi ënner Beschoss" wier, eng staarkt Oppositioun ze hunn. An dat kascht Zäit an Aarbecht, e Vollzäitjob, op d'mannst esou wéi de Posten als Ministesch, erzielt si eis am Interview am Escher Ellergronn.

D'Joëlle Welfring realiséiert gäre Saachen, péckt eng Hand mat un. Als Deputéiert muss een awer éischter vill schwätzen an dat wier eppes, dat si net grad sou gäre mécht. Ma et wier eng wichteg Aarbecht, mat där een och Saache kann erreechen. Als Beispill nennt déi gréng Politikerin d'Motiounen, also Ureegungen un d'Regierung. An dës Ustéiss géifen och wouer geholl ginn, dat géif een dono an den Texter gesinn an dat mécht dem Joëlle Welfring natierlech dann nach méi Courage weider ze maachen.

RTL

© René Pfeiffer

De Posten als Ministesch z'iwwerhuelen, war, wéi wann ee géif op e Schnellzuch sprangen

Eppes dat d'Joëlle Welfring warscheinlech e wéineg manner vermësst um Posten als Ministesch, ass et, ëffentlech am Mëttelpunkt vum Interessi ze stoen: “Ech sinn net geplot mat engem groussen Ego, ech si lo Keent dat opgeet, wann et d'Opmierksamkeet op sech huet." An dach ass et Deel vun der Aarbecht als Ministerin seet si. "Et schafft een zwar, et gestallt een, mä et muss een awer och driwwer schwätzen, wat dann do geschafft gëtt". Dëst wier awer eng Gewunneschtssaach, an hei hätt si sech séier dru gewinnt.

D'Eraschaffen an hire neie Posten als Ministesch war fir d'Joëlle Welfring „richteg intensiv“ an et war „net einfach“, fir all déi vill Sujeten mateneen ze behandelen. „E Schnellzuch a voller Faart, op deen ech opgespronge sinn“, an do hätt et gegollt dësen un d'Zil ze bréngen, sou beschreift si et, op alle Fall wat d'Ufanksphas betrëfft.

Punkte wéi d'Bëschgesetz oder d'Vereinfachunge vum Naturschutzgesetz konnten ënnert hier nach ëmgesat ginn, wat fir si enorm wichteg war. Och wann d'Phas als Ministesch kuerz war, hätt si awer vill do geléiert a mat fantastesche Leit, ONGen a Betriber um Terrain zesummegeschafft.

D'Politik als Handwierksgeschier am Numm vum Erhalt vun der Natur

Wat dem Joëlle Welfring um Häerz läit, dat ass den Erhalt vun der Natur, dat fir eis alleguerten a fir déi Generatiounen déi nach kommen. An dëst wier net just een Zil, ma eng Partie Ziler, déi ee musst zesummen a wäit an d'Zukunft denken. An dat géif hir och am Moment nawell Suerge maachen.

Dass eis Natur an hiert Erhalen hir wichteg ass, dat mierkt een eleng schonn, dass mer, op Wonsch vum Joëlle Welfring den Interview an engem Naturschutzgebitt vun Natura 2000, nämlech am Ellergronn zu Esch gemaach hunn.

De Schratt an d'Politik ze goen hätt si iwwregens ni bereit, virun allem an hirem Fall wär et eng „Geleeënheet gewiescht, déi een net oft am Liewe kritt“. Hire Posten als Ministesch hätt si op alle Fall gären nach gehalen, verréit si eis am Interview, och wann déi éischt Zäit wéi gesot eng haart Zäit war, eng Zäit an där si dacks „owes gelies a mëttes geschwat“ hätt. Hei hätt si sech e grousst Wëssen ugëeegent, dat si gären nach e wéineg an d'Praxis ëmgesat hätt, Kontakter geknäppt, déi een natierlech gäre géif dann nach weider fleegen an och Projeten „ugeleiert“, déi ee gär nach bis zum Schluss begleet hätt. „Wann een en Job mat Häerzblutt mécht, da kuckt een net op d'Auer“, sou d'Joëlle Welfring.

Den "Impakt op d'Privatliewen" an d'Notioun vun der "Gerechtegkeet"

An hirem privaten Ëmfeld war een als Reaktioun op hiren neie Posten an der Regierung dacks iwwerrascht, dat well d'Opmierksamkeet an der Ëffentlechkeet sichen net wierklech dat ass, wat d'Famill a Frënn vun hir bis ewell kannt hunn. Mä vun Ufank un war d'Ënnerstëtzung vun Ufank un do.

Eppes, un dat si sech nach gutt erënnert, sinn d'Wierder vun hirem Bouf, dee gefrot huet, fir wéi ee Beräich si da soll Ministesch ginn. "Wéi hien „Ëmwelt“ héieren huet, hätt hie just gesot:'Jo, dat MUSS de et maachen!'" Domadder krut d'Mamm vun zwee Kanner dann och Gréng Luucht vun hirem Bouf, wat jo och eng gewësse Sécherheet gëtt.

Dës Ofsprooch mat der enkster Famill wier hier och enorm wichteg gewiescht, iert si de Posten iwwerholl huet, dat well den Impakt op d'Familljeliewen enorm natierlech ass an net ouni Spuere laanscht geet.

Schonn als Kand, wa si op der Tëlee d'Biller vun Ueleg-Peschte gesinn huet an d'Villercher déi do dra louchen a gelidden hunn, huet si dat als eng grouss Ongerechtegkeet gesinn. An déi Notioun vun der Gerechtegkeet ass eppes dat hier bis haut wichteg bliwwen ass. De Schratt an eng Partei ze goen, wier an sech ëmmer logesch gewiescht, ma fir d'Joëlle Welfring war den Zäitpunkt dunn och net de richtegen. Si ass jo réischt kuerz iert se Ministesch ginn ass, bei "déi Gréng" bäigetrueden.

Hier ass bei enger Partei einfach wichteg, dass d'Wäerter stëmmen, an déi Gréng géifen dës Wäerter am meeschten mat hir deelen, wat fir si wichteg ass, fir am Aklang mat hirem Aarbechts- a Privatliewen ze sinn.

Deels hefteg Aschnëtter am Naturschutzgesetz mat der neier Regierung

D'Ëmwelt ass de Leit nach ëmmer wichteg, dovunner ass d'Politikerin vun Esch iwwerzeegt, ma war viru Joren nach Dee grousse Brennpunkt, geselle sech beispillsweis mam Krich an der Ukrain an am Noen Osten oder der Präisdeierecht nach weider Punkten zu der Ëmwelt dozou. An déi misste mat genee sou enger Wichtegkeet behandelt ginn, wéi d'Ëmwelt. Ënnert anerem d'Deckelung vun den Energiepräisser géif dëst kloer weisen.

Déi momentan Regierung géif sech awer méi mat Energie a Klima beschäftegen, wéi mam Thema Ëmwelt. Wann een awer bedenkt, dass d'Mënsche virum 6. groussen Massen-Ausstierwe steet, misst ee kucken och an deem Dossier "d'Enner beieneen ze kréien“. Dat géif hier vill Suerge maachen. A grad si géif wëssen, dass wann een an Dossieren den néidegen Asaz géif weisen, ee vill erreeche kann. Virun allem a Koalitiounen, muss een dofir diskutéieren, Kompromësser maachen an dat wier der Joëlle Welfring no och e ganz positive Punkt an net just e Steen am Wee. Et géife "Reiwereie" mol ginn, awer soss wier dëse "Prozess extrem positiv a wichteg".

Am Moment géif et, wann een de Koalitiounsprogramm vun der momentaner Regierung géif kucke, deels "hefteg Aschnëtter am Naturschutzgesetz" ginn, ënnert anerem d'Ewechfale vu Kompensatioune vu Liewensraim, déi am Virfeld zerstéiert ginn, géif d'Joëlle Welfring natierlech bedaueren. Dëst kéinte mir eis am Moment net leeschten, och wann natierlech muss gebaut ginn. D'Adaptatiounen am Gesetz wéi se awer elo virgesi sinn, géife leider fir si an déi falsch Richtung goen.