Aarbechtsminister ënner Kritik wéinst ugeduechter Berechnungsmethod
D'Regierung huet sech d'Aarmutsbekämpfung op de Fändel geschriwwen – de Mindestloun einfach no uewen upassen, wéi eng EU-Direktiv et verlaange géif.
Dat wëllen CSV an DP awer net. Vill méi spillt den Aarbechtsminister Georges Mischo ëffentlech mam Gedanken, d'Paie vun de Staatsbeamten, d‘Iwwerstonnen an den 13. Mount aus der Rechnung eraushuelen an domat hätt Lëtzebuerg d’Konditioune vun der Direktiv schonn erfëllt. Eleng d‘Iddi suergt scho fir ferm Kritik.
Scho siwe Méint sollen d‘EU-Memberstaaten eigentlech eng 2022er Direktiv vu Bréissel ëmgesat hunn, déi adequat Mindestléin als Zil huet. Auteur: den Nicolas Schmit, fréieren EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales:
„Ech sinn absolutt verwonnert, dass elo beemol zu Lëtzebuerg déi gréisste Problemer si fir déi Direktiv ëmzesetzen. Se war geduecht an der Haaptsaach fir Länner wou d‘Léin ganz niddreg sinn.“
Zu Lëtzebuerg huet een all Mount – antëscht jo steierfräi - zimmlech genee 2.700 Euro zur Verfügung, wann een, wéi vill Leit an der Gastro oder am Commerce, den net-qualifizéierte Mindestloun verdéngt. Top-Wäert an Europa. Ma nëmmen e puer Euro manner, da wär ee schonn am Aarmutsrisiko. Working poor – aarm am räiche Land.
D‘Kommissioun hat de Länner Referenzwäerter proposéiert. 60 Prozent vum Medianakommes oder 50 Prozent vun der Duerchschnëttspai. Dat wären hei am Land da ronn 2.900 respektiv 3.100 Euro brutto de Mount beim onqualifizéierte Mindestloun. Eng substantiell Erhéijung. Där hir Richtegkeet d‘Regierung a Fro stellt. D‘Gehälter an der Fonction publique géifen e falscht Bild ofginn, sou den Aarbechtsminister Georges Mischo.
„Et gëtt de Gesamtrevenu uginn – mat alle Primmen a Supplementen. Dat gëtt esou un d‘IGSS weidergeleet. Dat verfälscht d‘Resultat wesentlech. Aus deem Grond ass ugeduecht gi fir déi Revenuen erauszehuelen. Et ass awer näischt decidéiert! Dowéinst ass dat keen 'Taschenspielertrick'.“
„Eigentlech dach“, seet den Nicolas Schmit, deen d‘Direktiv geschriwwen huet:
„Dat ass net vun der Direktiv gewollt. Domat verfuscht een international Krittären. Dat ass e bëssen, wéi wann een engem mam Thermometer d‘Féiwer moosst an d‘Temperatur engem net gefält an dowéinst wiesselt een den Thermometer. Dat geet net.“
An OGBL an LCGB hunn de Verdacht, d‘Regierung géif weider Aschnëtter bei der sozialer Kohesioun plangen. De Christophe Knebeler vum LCGB:
„Wann een elo schonn ufänkt mat fuddele fir iwwerhaapt emol ze soen, ob de Mindestloun héich genuch ass, ob een domat dezent liewe kann, dann ass et kloer dass d‘Fro am Raum steet, wat mat deenen Adaptatiounen vum Mindestloun geschitt, déi all zwee Joer musse gemaach ginn. Ginn déi och a Fro gestallt? Well do sinn d‘Elementer, déi elo solle fir d‘EU-Direktiv erausgelooss ginn, jo dran. Wann dat geschitt, wësse mir a wéi eng Richtung et geet.“
Och d‘Staatsbeamte wëllen net, dass hir gutt Paien aus der Rechnung erausoperéiert misste ginn, sou de Romain Wolff, CGFP-President:
„Ech géing dovun iwwerhaapt näischt halen. Dat steet mengen Informatiounen och néierens, dass een dat ka maachen. Ausser wann et drëms geet de Privé nees géint de Publique auszespillen. Dat hoffen ech net. D‘CGFP fuerdert, dass d‘Paien beim Staat an de Gemengen mat agerechent ginn.“
Fir fair Mindestléin. Wat jo d‘Iddi vum Nicolas Schmit senger EU-Direktiv ass. Allerdéngs ass se den Ament virum Europäesche Geriichtshaff. Een Avocat général ass der Meenung, se géif géint EU-Recht verstoussen:
„Ech hat d‘Geleeënheet mat ville Juristen ze schwätzen. Déi hu mir all gesot, dass d‘Argumentatioun vum Avocat général ganz schwaach wär. Dofir sinn ech der Meenung, dass déi déi d‘Hoffnung hunn, dass d‘Direktiv ëmgestouss gëtt, e bëssen ze optimistesch sinn.“
Am Hierscht soll d‘Decisioun falen. Ma ännert dat wierklech eppes um Constat, dass d‘Mindestléin méi héich kéinte sinn?