OCSiAl, eng Nano-Technologie-Firma mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg an enger Produktiounsfirma a Serbien, investéiert 300 Milliounen US-Dollar zu Déifferdeng.

Domadder wier de Standuert zu Lëtzebuerg de weltwäit gréisste Produktiounszentrum fir Graphen-Nanotüben iwwerhaapt a soll Europa domadder un d'Spëtzt vun der Innovatioun am Beräich vun de fortschrëttleche Materialie bréngen. Wéi et am Schreiwes vun OCSiAl en Dënschdeg heescht, géif dës Produktiounsinfrastruktur am Minett an enger éischter Phas iwwer 300 nei Aarbechtsplaze schafen.

Bekannt war dëse Projet jo scho méi laang, ma elo gëtt et konkret, dat well éischtens kierzlech eng Investitiounsronn mat Lëtzebuerger Investisseuren op en Enn gaangen ass an, virun allem, well de sou wichtege Vertrag fir d'Grondstéck tëscht dem Lëtzebuerger Staat an OCSiAl elo ënnerzeechent gouf. Hei handelt et sech ëm en 3,63 Hektar groussen Terrain, wéi gesot am Süde vum Land, zu Déifferdeng.

"De Start vun dësem zukünftege Produktiounsstanduert zu Déifferdeng illustréiert perfekt eis Ambitioun, Lëtzebuerg als Schlëssel-Acteur an der industrieller Innovatioun an Europa ze positionéieren. Dës grouss Investitioun a Graphen-Nanotübe weist d’Vertraue vun den Investisseuren an eisen Ekosystem a stellt d’Potenzial ervir, fir héichtechnologesch industriell Projeten z'empfänken. Mir sinn houfreg, OCSiAl bei dësem strategesche Schrëtt ze ënnerstëtzen, deen zur Schafung vu qualifizéierten Aarbechtsplazen, dem Ruff vu Lëtzebuerg am Beräich Deep-Tech an der Transitioun zu enger méi nohalteger an kompetitiver Industrie bäidréit“, sou de Wirtschaftsminister Lex Delles.

"D’Investitioun vun OCSiAl ënnersträicht d’Roll vu Lëtzebuerg als Plattform fir laangfristeg Innovatioun an intelligent industriell Entwécklung“, sou de Finanzminister Gilles Roth, Finanzminister. "Dëse Projet reflektéiert de Wäert vun der Kombinatioun tëscht der Visioun vum Privatsecteur an der Ënnerstëtzung vun der ëffentlecher Infrastruktur.“

RTL

© OCSiAl

2010 gouf OCSiAl zu Lëtzebuerg gegrënnt an ass haut de weltwäit gréissten Hiersteller vu Graphen-Nanotüben, engem Material, dat mat sengen Eegenschaften an der Leeschtung fir eng Abberzuel u Produite kéint agesat ginn. Momentan gëtt d'Material awer exklusiv a Serbien produzéiert, ma dat soll sech awer am Zäitraum tëscht 2028 an 2030 änneren: Wärend dëser Zäit soll d'Produktioun zu Déifferdeng schrëttweis eropgefuer ginn, virdrun muss de Site an d'Infrastrukturen dofir awer natierlech nach gebaut ginn.