De Robert Straus ass leschte Mëttwoch no laanger Krankheet friddlech doheem entschlof.

De Robert a seng Fra hunn ech perséinlech kannt. Op ville Lafcourssen hu si fir d’Athletinnen an d’Athleten déi flott Momenter am Bild festgehalen.

Vill hu si der mam Numm kannt an hu gutt an déi familiär Leefer-Zeen gepasst.

De Robert Straus huet zwee Kanner an zwee Enkelkanner, déi him nieft senger Fra an de leschte 4,5 Joer Kraaft ginn hunn. Hie war laang Jore Sous-Direkter vun der Luxlait an huet spéider zu Dikrech als Kontrolleur fir d’ITM geschafft.

D’Passioun fir d’Fotografie hat hie schonn ëmmer. Wéi hien an d’Pensioun gaangen ass, huet hie sech bei RTL engagéiert, fir Sportsfotoen ze maachen.

Mam Marianne Straus war de Robert 50 Joer bestuet. 1973 hu béid sech op enger Randonnée kennegeléiert. De Robert Straus ass e Märeler Bouf gewiescht, hien hat eng Schwëster, déi 6 Joer méi al war wéi hien.
Enn de 70er Jore konnt hie sech en Dram erfëllen an ass de Marathon zu Iechternach ënner 3 Stonne gelaf.

Eng Freed huet et dem Robert gemaach, d’Summer-Owender op senger “Poterbänk” virun der Hausdier ze sëtzen.

An engem Telefonsgespréich huet dem Robert seng Fra erzielt, dass ouni déi exemplaresch Ënnerstëtzung vun “Doheem versuergt” an der ASC (Accompagnement et de Soins continus) vun Help, hire Mann net hätt kënne bis zu Schluss Doheem versuergt ginn.

Virun d’Lëns koume vill Basket- a Fussballspiller, Leeferin a Leefer, wéi och Cyclisten.

Merci Robert fir däin Asaz iwwer all déi Joren. 
 
Der Famill dréckt d’ganz Ekipp vun rtl.lu d’Bäileed aus.