Neien Arméisfändel op der Mäertesfeier presentéiert
En Dënschdeg de Moie war de Grand-Duc Guillaume bei der Mäertesfeier um Härebierg, wou de neien Arméisfändel virgestallt gouf.
Den neien Arméisfändel gouf en Dënschdeg de Moien op der Mäertesfeier vun der Arméi um Härebierg presentéiert. Ze gesinn ass op där enger Säit de Monogramm vum Grand-Duc Guillaume an op där anerer de Roude Léif. Geschitt ass dat ganzt um 44. Gebuertsdag vum Staatschef – dat éischt Patronatsfest bei der Arméi fir de Grand-Duc an dat lescht fir de Chef d’Etat major Steve Thull.
















































De Grand-Duc Guillaume gouf mat groussen Erwaardungen an de Reie vun der Arméi begréisst. Hie wier d'Symbol fir d'Eenheet an d'Onofhängegkeet vun eiser Heemescht, sot den Aumônier Nicolas Wenner. "Dir gehéiert zu eis, stitt an eise Reien op éischter Plaz. Als eise Kommandant."
Hie géing wéi den hellege Martin säi Mantel deelen – also present sinn, wann et drop ukënnt. Wichteg wier et dann am Liewen dankbar ze sinn, sou den Aumônier a sengem Discours. Dat géing net vill kaschten, mee villes änneren.
An awer d'Zäite sinn anerer: "Mir sinn net am Krich, awer och net méi am Fridden. Sou heescht d’Diagnos, déi d’Welt beschreift an där mer liewen. Kee weess, wat eis erwaart. A villäicht gëllt et an Zukunft ze schützen, wat virdrun ni esou a Gefor war. Eis Demokratie an eis Fräiheet."
















































Och d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet op eng fragil Sécherheetslag an Europa an driwwer eraus higewisen: "Dat bedeit, dass mir Europäerinnen an Europäer eis däitlech méi fir Fridden a Sécherheet op eisem Kontinent engagéiere missten. D’Verdeedegung vun eiser Fräiheet, eiser Demokratie an enger oppener Gesellschaft, muss héchste Prioritéit hunn. Europa, an domat och Lëtzebuerg, muss méi Verantwortung iwwerhuelen."
D’Arméi wier da keen Job wéi all aneren. Fir dësen nees méi attraktiv ze maachen, wäert si nach dëst Joer der Regierung eng Propose maachen, dass de Sold vun de jonken Zaldote signifikativ erop soll goen.