Bei Berechnung vum Mindestloun de Gehälter beim Staat awer Rechnung droen?
© Diana Hoffmann
Nom Urteel vum europäesche Geriichtshaff iwwer d'Mindestloundirektiv weist den Aarbechtsminister sech bereet, punktuell Upassungen ze maachen.
Fir de Mindestloun festzeleeë kéint elo awer och de Gehälter an der Fonction publique Rechnung gedroe ginn. Dat héiert een op jidder Fall an der Reaktioun vum Aarbechtsminister Georges Mischo op d'Uerteel vum europäesche Geriichtshaff iwwert d'Mindestloundirektiv eraus.
A sengen Ae géing d'Urteel Kloerheet bréngen, och wa seng Servicer et nach méi genee missten analyséieren. Den Auteur vun der Direktiv, de fréieren EU-Kommissär Nicolas Schmit, sot sech en Dënschdeg am RTL-Interview duerch d'Urteel confirméiert.
D'Riichter hei um Kierchbierg hunn zwou Dispositiounen annuléiert, mee d'Direktive gréisstendeels validéiert. Dorënner Referenzen, déi d'Staate solle benotze fir de Mindestloun festzeleeën. E soll entweder 50 Prozent vum nationalen Duerchschnëttsloun entspriechen oder 60% vum Median.
Den Aarbechtsminister wollt d'Gehälter aus der Fonction Publique fir d'Berechnung erausloosse fir de Mindestloun net musse méi drastesch an d'Luucht ze setzen. Hie gouf ënnert anerem vu Gewerkschaftssäit rëm kritiséiert.
En Dënschdeg sot ons de Georges Mischo: "Wann dat net de Fall ass, oder wann dat net de Wee ass fir de richtege Mindestloun ze berechnen, da loosse mer dat ewech. Also ech sinn net dorobber fixéiert."
Dem Aarbechtsminister no misst een awer aneren Elementer nach Rechnung droen, dorënner gratis Leeschtungen, ewéi den ëffentlechen Transport, d'Schoul, d'Maisons-relaisen. Dat misst een a sengen Ae mat an d'Berechnungen oder d'Iwwerleeunge bréngen.
Kollektivverträg: Mischo bleift bei sengen Assurancë fir d'Gewerkschaften
Duerch d'Urteel ass dann och den Aktiounsplang fir d'Kollektivverträg validéiert. 80 Prozent vun de Betriber solle gedeckt sinn.
De Georges Mischo huet nach emol verséchert, datt d'Exklusivitéitsrecht vun de Gewerkschafte fir sou Verträg z'ënnerschreiwen net méi a Fro gestallt gëtt an och net mat "accords d'entreprise" eenzel Aspekter vun der Aarbechtsorganisatioun direkt mam Personal kéinten ausgehandelt ginn.
Seng Servicer hätte weider u Schrauwe gedréint fir ze kucken, ewéi d'Couverture duerch Kollektivverträg solle kënne klammen. Wéi eng dat sinn, wollt de Minister net verroden.
De Plan d'action fir d'Kollektivverträg dierft dann elo nees e Sujet gi fir mat de Sozialpartner ze diskutéieren. De Projet de loi iwwert de Mindestloun ass schonn an der zoustänneger Chamberkommissioun. No sechs Méint dierfen do d'Aarbechten an deem Dossier nees weidergoen.