"D'Kand muss gehollef kréien"
© Natalya (Envato)
Kuerz virun der Allerhellegevakanz gouf RTL vun enger Persoun kontaktéiert, fir op eng kriddeleg Situatioun an enger Primärschoul opmierksam ze maachen.
Et geet ëm eng Schoul zu Lëtzebuerg. Aus Grënn vum Jugendschutz kënnen a wëlle mir op dëser Plaz den Numm vun der concernéierter Gemeng net nennen. Och op d'Geschlecht vum betraffene Kand gi mer bewosst net an.
Ee Schüler / Eng Schülerin géif eng Klass als Geisel huelen an och de ganze Schoulbetrib op d'Kopp stellen, krut RTL rapportéiert. Rieds geet vun Aggressiounen am a baussent dem Schoulsall.
RTL-Informatiounen no gouf et eng Rei Police-Asätz um Campus vun der Schoul.
Eltere maache sech Suergen ëm hir Kanner. Fir en Deel vun de Matschüler decidéiert sech um Enn vum Schouljoer, a wéi e Lycée se orientéiert ginn.
De Buergermeeschter respektiv d'Buergermeeschtesch vun der concernéierter Gemeng (och hei wëlle mer bewosst vag bleiwen) huet mat RTL iwwer de Fall geschwat a wier och bereet gewiescht, an dësem Artikel zitéiert ze ginn. Als Gemeng hätt ee versicht, zesumme mat der Elterevertriedung an dem Léierpersonal no Léisungen ze sichen.
Jugendschutz-Dossier beim Parquet
An dësem Artikel ginn, wéi geschriwwen, bewosst keng konkreet Informatioune genannt, dat aus Grënn vum Jugendschutz. De Parquet huet RTL schrëftlech matgedeelt, datt een e Jugendschutz-Dossier iwwert dee Mannerjäregen / déi Mannerjäreg hätt. Op Basis vum Jugendschutzgesetz, a méi speziell dem Artikel 38, wier et awer net méiglech, méi an den Detail ze goen.
Och den Educatiounsministère huet schrëftlech confirméiert, datt ee Kenntnis vun der Situatioun huet, ma een sech net iwwer individuell Schüler géif prononcéieren.
Hëllef fir de betraffene Schüler / déi betraffe Schülerin
Wärend eise Recherchen hu mir mat ville Persoune geschwat. Ëmmer nees ass de Saz gefall: "D'Kand muss gehollef kréien."
Dëst ass och ee vun de Grënn fir dësen Artikel: Et geet ëm e gesellschaftspolitescht Theema, dat an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt an och muss kënnen diskutéiert ginn – fall-onofhängeg.
Vun de Gemengeverantwortleche krute mir matgedeelt, datt eng Rei Saache géife lafen, ma et dacks net séier genuch géif goen.
E Gefill, dat eis och betraffenen Eltere méi wéi eng Kéier beschriwwen hunn. Déi Elteren, mat deene mir geschwat hunn, maache sech vill Gedanken, och ëm d'Zukunft vun hiren eegene Kanner. Méi wéi eng Kéier krute mir och gesot, datt et och an anere Schoulen zu Lëtzebuerg änlech Fäll gëtt – Schoulhalen als Erausfuerderung.
An de Jugendschutz gëllt fir Systemspenger, mee och fir Klassen oder ganz Schoulgemeinschaften, déi kënne betraff sinn. Eng schwiereg Gratwanderung fir all d'Acteuren, och fir déi, déi esou Fäll wëllen thematiséieren.
Wëllt Dir Kontakt mat der Redaktioun ophuelen? Da maacht wgl. e Mail un dossier@rtl.lu.