Um Dënschdegmëtten
Persoun an der Stad ugestouss a blesséiert, Samu war op der Plaz
De Samu war en Dënschdeg de Mëtten an der Stad am Asaz, dat nodeems eng Persoun ugestouss ginn ass.
Wéi de CGDIS mellt ass kuerz no 16 Auer en Dënschdeg eng Persoun vun engem Gefier an der Rue de Beggen an der Stad ugestouss a blesséiert ginn. De Samu war op der Plaz.
Weider gëtt dann och eng Poubelle gemellt, déi an der Mëttesstonn an der Rue des Ecoles zu Dikrech gebrannt huet. Hei hu sech d'Sekuriste vun Angelduerf an aus der Nordstad drëm gekëmmert.
Am meeschte gelies