De Steierbüro bleift awer elo zu Clierf a Wolz
Och wann een neie Site zu Housen entsteet, wäerte weider Servicer an deenen zwou Kantonalhaaptstied ugebuede ginn.
Ugangs Mee war et d'Nouvelle, datt d'Steierbüroen zu Clierf a Wolz hir Diere spéitstens Ufank 2028 zoumaachen an an en neit Gebai op Housen plënnere sollen. An de concernéierten Uertschafte war d'Opreegung dono grouss an déi lokal Politiker hu sech fir d'Erhale vun der Verwaltung an hire Gemengen agesat. Dobäi ass et deelweis och alt emol méi héich hiergaangen, ma et schéngt gewierkt ze hunn. Aus dem Finanzministère heescht et nämlech mëttlerweil, datt d'Steierverwaltung och an Zukunft Servicer zu Clierf a Wolz ubidde wäert.
"Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot vu Wooltz huet de Finanzminister Gilles Roth scho viru Wochen eng Léisung ausgeschafft, fir de Steierbüro zu Wooltz ze erhalen." Déi Nouvelle huet den CSV-Nord-Deputéierte Jeff Boonen Ufank dës Mounts op Facebook gepost. Ma zu Wolz ass trotzdeem net jidderee vu Freed an d'Luucht gesprongen. Zum Beispill den DP-Conseiller Maurice Muller an der leschter Sëtzung vum Wëlzer Gemengerot.
"Also do sinn ech lo iwwerrascht, ech war jo schonn iwwerrascht, fir am Internet ze gesinn, datt den Här Roth hei war, dee mam Gemengerot soll geschwat hunn, ech hunn deen ni gesinn hei bannen. Ech weess net, ob deen hei present war, et ass mer och egal. D'Saach ass déi, ech verstinn net ganz, datt een déi sou fortgoe léisst an ech verstinn och net, datt ee seet, ok, d'Gebaier sinn net en règle oder sinn net moderniséiert, mee da muss een do eppes investéieren zesumme mam Steieramt, fir do eng Léisung ze fannen."
Tatsächlech war de Gilles Roth net zu Wolz, mee de Wëlzer Schäfferot genee wéi dee Clierfer bei him um Ministère. An dono ass de Finanzminister formell:
"D'Steierreglementatioun gesäit vir, datt de Steierbüro vu Clierf zoustänneg ass fir de Kanton Clierf an datt de Steierbüro vu Wolz zoustänneg ass fir de Kanton Wolz an do gi mer net dru réckelen. Déi Beamten, déi elo zu Clierf an zu Wolz sinn, déi wäerte sécherlech lo och nach do bleiwen, vläicht an anere Raimlechkeeten, well mer musse kucken, datt déi och behënnertegerecht sinn an och den Ufuerderunge vun der Sécherheet an der Fonction publique entspriechen. Dat ass och eppes, dat mat a Consideratioun ass an ech mengen dat war bëssi den Ustouss, datt doriwwer nogeduecht gouf, fir verschidde Reorganisatiounen ze maachen. Nach ass dat hei eng politesch Decisioun, datt mer eis dorunner halen, wat parallel an der Reglementatioun ass, nämlech ee Steierbüro zu Clierf an ee Steierbüro zu Wolz."
Zu Wolz weist ee sech doriwwer erliichtert. Well dat aktuellt Gebai net den Uspréch vu Persoune mat ageschränkter Mobilitéit entsprécht, mussen déi 10 Beamten awer plënneren. D'Sich no enger Alternativ leeft och schonn.
"Mir waren am Pëtz Raimlechkeete kucken, et soll jo och eng Plaz sinn, déi zentral an accessibel ass fir all Mënsch. Wéi gesot, do gëtt dann no verschiddene Raimlechkeete gekuckt, wéi enge Besoinen hir Büroe mussen ugepasst sinn, wat si brauchen. Wann dat lo net géing passen, fanne mer awer doudsécher eng aner Léisung, do gesinn ech awer lo net de Problem, Raimlechkeeten, déi kéinte passen, hu mer", esou d'Weelzer Buergermeeschtesch Carole Weigel.
Ee Problem beim Gebai am Pëtz kéint sinn, datt eng Dall net genuch Gewiicht packt, fir den Archiv vum Steierbüro do ënnerzebréngen. Seng definitiv Plaz soll e spéider um Site vu Wunne mat der Wooltz fannen.
Och zu Clierf sicht een no Alternativen zu den aktuelle Raimlechkeeten am "Bouviershaus", ma vu konkrete Sitte wëllt een awer nach net schwätzen. Och wann een net frou ass, datt d'Steierverwaltung vun hei fortplënnert, hätt dat trotzdeem ee positiven Nieweneffekt. Et spillt een nämlech mam Gedanken, datt d'Gemengeverwaltung vum Schlass an d'Bouviershaus plënnere kéint.
Dozou de Georges Keipes, Buergermeeschter vu Clierf:
"Mir hunn do intern Analyse gemaach, ob d'Raumplanung et iwwerhaapt géing hierginn, fir Büroen an deem heite Gebai ze amenagéieren. Do hu mer hausintern Hausaufgabe gemaach, och am Echange mam INPA, well mer och hir Expertis brauchen an hiren Avis mussen hunn. Ech mengen dat geet an déi richteg Richtung."
Elo steet awer mol d'Sich no engem neie Site fir de Steierbüro am Fokus. Ënnert wéi enger Form dee genee erhale bleift, ass wéi zu Wolz awer nach net kloer. Well feststeet, datt um neie Site zu Housen festgehale gëtt. Ma op d'mannst vu Clierf aus ass dat jo net all ze wäit fort.