Wann et ëm Déiere geet, verbënnt ee Maacher am Fong mam Päiperleksgaart, ma zanter Kuerzem dominéieren zwou "Giraffen" d'Gespréich an der Muselmetropol.

Neie Quai fir d'Police zu Gréiwemaacher / Reportage: Marc Hoscheid

Esou nennen déi Maacher Leit ironesch déi zwee giel Kranen, déi um neie Quai am Ausgank vun der Uertschaft a Richtung Meechtem stinn. Vun hei aus wäerten an Zukunft d'Police an de CGDIS mat hire Booter an den Asaz fueren. Et ass ee Projet, iwwert dee laang geschwat gouf. An deementspriechend ass d'Freed bei de Polizisten an de Secouristen elo grouss.

Just e puer Honnert Meter vum Policekommissariat vu Gréiwemaacher ewech huet d'Policeboot, dat viru ronn engem Joer presentéiert gouf, säin neit Doheem fonnt. Ma scho virun 20 Joer gouf doriwwer geschwat, fir an deem Eck ee Quai ze amenagéieren, wéi d'Anne-Lyse Dick, Direktesch vun der Regioun Zentrum-Ost bei der Police, erënnert.

"Well mer schonn 2005 ee Boot haten, d'Gainë sinn och schonn ënnert eisem Policegebai dofir gezu ginn. Leider war de Quai, de Positionnement vis-à-vis vum Policegebai, ze no un der Schleis, dat heescht, wa mer grouss Booter hunn, déi an d'Schleis kommen, wier d'Plaz net grouss genuch gewiescht, fir nach ee Quai op där Plaz ze hunn. Dowéinst ass en op dëser Plaz bei der Deisermillen opgebaut ginn."

Ma just ee vun deenen zwee giele Kranen ass fir d'Policeboot reservéiert. Deen aneren ass dofir do, d'Boot vum CGDIS an d'Musel ze hiewen. Duerch deen neie Quai kéinten d'Rettungsdéngschter vill méi effikass hëllefen, erkläert de Paul Wirtz, Chef vun der Zone Oste beim CGDIS.

"Wou d'Schnellegkeet eigentlech bëssi gebrach huet, ass engersäits de Schleis-Virgank an deen anere Problem ass e bëssi fir eppes ze slippen, fir ee Boot an d'Waasser ze bréngen, hëlt och Zäit an Usproch. An dëse Quai ass wierklech dat lescht Puzzelstéck, fir wierklech dat Boot virun der Schleis vu Gréiwemaacher an d'Waasser ze kréien. Mir hu lo eigentlech ee Boot fest zu Mäertert am Hafen, mir hunn am Summer ee Boot virun der Briedemesser Schleis zu Réimech leien a mir hunn zwee Booter zu Schwéidsbeng am Hafe leien."

Mat der Hëllef vun engem Kran kënnen zwee Leit ee Schëff an 10 Minutten an d'Waasser bréngen. Et bräicht zwee Kranen, well d'Police an de CGDIS och alt emol zesummen an den Asaz geruff ginn an d'Booter esou parallel zouenee prett gemaach kënne ginn. Zu wierklechen Noutfäll kéim et zwar éischter seelen, mee trotzdeem wier genuch Aarbecht do, déi de Bau vum neie Quai rechtfäerdegt, esou den Inneminister Léon Gloden.

"Mir sinn hei am Kondominium, d'Police mécht op der Musel natierlech och Kontrollfaarten, natierlech och fir d'Schëfffaart ze kontrolléieren, dat mat der däitscher Police zesummen. Et kënnt vläicht ee Mol d'Joer vir, datt wierklech ee Rettungsasaz muss gefuer ginn, mee ech paken Holz un, mir si frou, wa mer d'Booter net ze oft an d'Waasser musse loossen."

An awer wäert weider an d'Material investéiert ginn. De CGDIS kritt geschwënn een neit Boot, dat deem vun der Police gläicht. Mëttelfristeg soll am Kader vun engem Interreg-Programm och nach ee méi grousst Boot ugeschaaft ginn.

Wat deen neie Quai ugeet, sou ass dee 74 Meter laang. Nieft de Krane kënnen d'Booter och iwwert eng Ramp an d'Waasser gelooss ginn. D'Aarbechten hu gutt annerhalleft Joer gedauert an de Käschtepunkt vum Projet läit bei 3,5 Milliounen Euro.