Dat gouf op enger Pressekonferenz vum Science Center vun der neier Gouvernance ënnerstrach.

Nodeems et Interessenskonflikter goufen an den Nicolas Didier am September zejoert als Direkter vum Luxembourg Science Center virun d'Dier gesat gouf, ass en Donneschdeg vun engem Neiufank geschwat ginn. Déi nei Generaldirektesch Nancy Racké:

"Doduerch, dass mer eis anescht opgestallt hunn, sief et mat deem Règlement d' ordre d' intérieur, wou mer awer kee Cumul de rôle oder de position kënne méi hunn, par ordre, mee och en neit Finanzdepartement, wat mer kreéiert hunn, e neie Kontabilitéitssystem, wou mer elo eng Comptabilité analytique säit dem Ufank vum Joer kënne maachen, soudass mer an der Zukunft vill méi transparent an eise Projete mat eise Partner kënne sinn an och mam Public."

Den Tresorier vum komplett neien Verwaltungsrot Serge Allegrezza huet betount, datt een an der Vergaangenheet e massiven Conflit d'interêt hat, een awer elo eng intern Organisatioun hätt, wéi ee se ëmmer hätt missen hunn:

"Dat heescht, mir hunn ee President, den Direkter ass separat, deen ass net Member vum Conseil a virun allem, deen huet net och nach eng Firma, déi Monopolstellung huet, fir de Science Center ze beliwweren."

D'Feeler aus der Vergaangenheet wiere riicht gebéit ginn. D'Zil fir d'Zukunft wier et, nach méi Leit an de Science Center ze kréien, ënnert anerem andeems de grousse Sall reamenagéiert gëtt oder een op de Wee vun temporären Ausstellungen geet.