Wolff: Regierung wier arrogant, déi ëffentlech Consultatioun eng Scheindebatt
D'CGFP huet sech um Krautmaart géint déi geplangte Pensiounsreform gewiert an e bessere Sozialdialog gefuerdert.
Eng gutt 300 Beamten hunn an der spéider Mëttegstonn e Mëttwoch um Krautmaart virun der Chamber un enger Protestmaniff deelgeholl ënnert dem Motto "Fir e richtege Sozialdialog, elo". Haapt-Ausléiser fir d’Maniff waren d’Aussoe vum Premier Luc Frieden iwwert d’Renten, Mëtt Mee an der Ried zur Lag vun der Natioun. Hien huet jo als Haapt-Propos déi gemaach, datt d’Leit solle méi laang schaffe goen.
Dem President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff no, géing dat beweisen, datt d’Consultatioun vum Public eng Schäindebatt gewiescht wier. Konsensfäeg Proposen an d’Positioune vun de Gewerkschafte wiere ganz ignoréiert ginn. De Luc Frieden hätt vun Ufank u gewosst, wat e wéilt. "Eis vis-a-vis op jidder Fall en Affront, deen sengesgläiche sicht. Eng politesch Iwwerhieflechkeet, eng politesch Arroganz, déi bei eis d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. Et geet elo déck duer", esou de Romain Wolff, deen dofir vill "Bravo" an Applaus vu sengem Public krut.
Hei geet et bei d'Schreiwes vun der CGFP
No de Verschlechterungen vun der Pensiounsreform vun 2012 géingen d’Propose vum Premier, fir d’Liewensaarbechtszäit ze verlängeren, dem Romain Wolff no déi Jonk, mee och manner Jonker betreffen. De CGFP-President huet erkläert, datt déi Propos eleng net just de Problem net géing léisen, mee anerer schafen a Froen opwerfe géing. Esou zum Beispill, datt manner Aarbechtsplaze fir jonk Leit fräiginn oder ewéi Betriber incitéiert solle ginn, eeler Leit, déi méi héisch Paien hunn, méi laang ze halen.
De Romain Wolff sot d’CGFP géing d’Invitatioun vum Premier de 9. Juli acceptéieren. Sollt d’Regierung weider dann d’kal Schëller weisen, géing d’Staatsbeamtegewerkschaft iwwert déi nächst Aktioune nodenken.
Bësse Solidaritéit tëscht CGFP, OGBL an LCGB
De Romain Wolff huet och deklaréiert, hie géing keen dovunner ofhalen un der Maniff vun de Gewerkschaften aus dem Privatsecteur OGBL an LCGB e Samschdeg deelzehuelen. Vun hinne waren iwweregens och puer Dosende Memberen bei der Maniff vun der CGFP virun der Chamber dobäi. Si protestéieren net just géint d’Propose vum Premier fir d’Renten ze reforméieren, mee och de Projeten fir d’Ouvertureszäite vun de Geschäfter ze verlängeren, d’legal Sonndesstonnen vu véier op aacht eropzeschrauwen an d’Kollektivverträg ze verwässeren.
Op der der Maniff e Mëttwoch ware nieft enger Rei Membere vun der Staatsbeamtegewerkschaft an hiren Ënnerorganisatiounen och Leit vun der Gewerkschaft, vun de Gemengebeatmen FGFC an Eisebunner vun der Syprolux.
An d’Handwierker beim Staat?
De President vun der FGEC, déi d’Expeditionairen a charges techniques vum Staat vertrëtt, de Laurent Becker, huet drop opmierksam gemaach, datt si och vill Handwierker hätte mat penibelen Aarbechten. Hie sot, d’Maniff vun e Mëttwoch wier als "éischt Warnung" ze verstoen. Et kéint een net invitéieren a matenee schwätzen an duerno eppes ganz aneschtes maachen, esou de Laurent Becker.
Wat soen Beamten, déi net op der Maniff waren?
Wéi mir an der Mëttegstonn Staatsbeamten an der Uewerstad gefrot hunn ob se op d’Maniff ginn, hunn der vill Retenue gewisen a wollten wéinst hirem Statut vu Fonctionnaire näischt soen.
Déi, déi bereet ware kuerz mat eis ze schwätzen soten, se wéissten näischt vun der Maniff oder datt se keng Zäit hätten, well se misste schaffe goen. Eenzeler soten, se hätte keng Meenung zu derr Maniff, anerer soten se géingen dat gutt fannen oder se wiere mam Häerz dobäi. Zwee eeler Beamten soten ons se géingen alles net esou dramatesch gesinn, se wiere selwer jo net betraff.
Deputéiert goufe beriselt
Eng ganz Rei Deputéiert hu sech d’Ried vum Romain Wolff ugelauschtert. An der éischter Rei virum Riednerpult stoungen haaptsächlech LSAP-Leit – Georges Engel, Franz Fayot, Claude Haagen, Ben Polidori, mee och deem seng fréier Kolleegen, d’Piraten Sven Clement a Marc Goergen. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum war och an der éischter Rei, mee awer och den DP-Fraktiounschef Gilles Baum, d’DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann, déi och Parteipresidentin ass.
Méi wäit hannen stoungen nach aner Deputéiert, dorënner déi vun der CSV.

© CGFP