Aus de leschte Stonne gi fënnef Asätz gemellt. Op den Tëschefall zu Clierf war och d'Air Rescue geruff ginn.

Um Donneschde Moie koum et géint 10.20 Auer op der Gare zu Clierf zu engem Tëschefall, bei deem eng Persoun vun engem Zuch erfaasst gouf. D'Air Rescue, d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Clierf waren am Asaz.

Déi selwecht Zäit gouf zu Brattert de Brand vun engem Daach gemellt. D'Pompjeeë vu Gréiwels, Réiden, Rammerech, Viichten an aus der Nordstad hu sech drëms gekëmmert.

RTL

© rtl.lu

D'Pompjeeë vu Konsdref goufen um 10.30 Auer geruff, fir de Brand vun enger Heck ze läschen.

Da mellt den CGDIS nach ee blesséierte Motocyclist, deen e Mëttwoch Owend géint 20.30 Auer zu Izeg gefall war. Tëscht Angelduerf an Ierpeldeng hate sech am Beruffstrafic zwee Autoen ze pake kritt. Och do gouf eng Persoun blesséiert.