En Donneschdegmoien ass et op der Zuchlinn Stad-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy zu engem Asaz vun de Rettungsdéngschter komm.

Wéi d'CFL an engem Schreiwes en Donneschdeg de Moie matgedeelt haten, gouf den Zuchtrafic op der Linn tëscht Kautebaach an Ëlwen gestoppt. Op dësem Deel vun der Streck goufen Ersatzbusser agesat. An der Mëttesstonn koum den Update, datt d'Zich géint 14.30 Auer nees den Trafic normal ophuele kéinten.

Tëscht der Stad a Kautebaach an tëscht Ëlwen a Gouvy sinn d'Zich awer normal zirkuléiert. Wéinst dem Asaz vun de Rettungsdéngschter konnt et allerdéngs zu Retarde kommen.

D'Clientë vun den CFL si gebieden, sech virun hirem Trajet an der CFL-App respektiv op www.cfl.lu ze informéieren.

D'Schreiwes vun den CFL

Par la présente nous vous confirmons la reprise progressive de la circulation sur l’entièreté de la ligne Luxembourg – Ettelbruck – Troisvierges à Gouvy à 14h30.
 
Des retards et suppressions peuvent encore survenir.
Nous prions nos clients de s’informer sur www.cfl.lu ou moyennant l’application CFL mobile avant leur trajet.