"D'Zukunft vum Sozialmodell wäert sech elo an dësen Deeg entscheeden"

E Samschdeg war déi gemeinsam Maniff vun OGBL an LCGB géint d'Pläng vun der Regierung a Saache Pensiounsreform.
An deem Kontext hu mir mam Politikwëssenschaftler Adrien Thomas vum "Luxembourg Institute of Socio-Economic Research" iwwer d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Gewerkschaften an iwwer déi méiglech zukünfteg Entwécklunge vum Lëtzebuerger Sozialmodell geschwat.
D'Entsteeung vun de moderne Lëtzebuerger Gewerkschaften
Déi modern Gewerkschaftsbeweegung, wéi mir se haut zu Lëtzebuerg kennen, ass um Enn vum éischte Weltkrich an de Joren 1916 bis 1921 entstanen. Wéi den Adrien Thomas erkläert, wier dat eng Zäit vum Opbroch an der Aarbechterbeweegung gewiescht:
"Op där enger Säit goufen et Demandë fir Sozialreformen. Et war och eng Zäit vu Liewensmëttelknappheet. Um Enn vum Éischte Weltkrich war och eng Zäit vu Froen no Demokratiséierung. Zu Lëtzebuerg gouf et bis 1919 keen universellt Walrecht."
An dësem sozialen a politesche Kontext hu sech 1916 déi zwou éischt Gewerkschafte mat enger Masse-Basis forméiert. Dat waren den éischter sozialistesch orientéierte "Lëtzebuerger Metallaarbechterverband" an der Stad an de "Lëtzebuerger Bierg- an Hüttenaarbechterverband" am Süden, dee sech politesch méi neutral wollt positionéieren. Nodeems béid Gewerkschaften 1917 éischt Streiken ugefouert hunn, bei deenen et virun allem ëm d'Fro vun de Liewenskäschten an de Präis vun de Liewensmëttel gaangen ass, si si 1920 zum "Bierg- a Metallindustrie-Aarbechterverband" fusionéiert, deen däitlech lénks orientéiert war.
1921: D'Grënnung vum LCGB
Dës gemeinsam Gewerkschaft sollt awer net laang halen. Schonn ee Joer drop - also 1921 - hunn déi Aarbechter, déi éischter am kathoulesch-soziale Milieu verankert waren, d'Gewerkschaft verlooss, fir den LCGB ze grënnen. Eng Grënnung, bei där och déi kathoulesch Kierch eng aktiv Roll gespillt huet. Deen Deel vum "Bierg- a Metallindustrie-Aarbechterverband", deen duerno iwwereg bliwwen ass, ass eng Virleefer-Organisatioun vum haitegen OGBL
De Generalstreik vum Mäerz 1921
Wéi den Adrien Thomas erkläert, wier de Generalstreik vum Mäerz 1921 e ganz wichtegen Datum an der Geschicht vun de Lëtzebuerger Gewerkschafte gewiescht:
"Deemools waren Aarbechter licencieiert ginn an der Sidérurgie, an der Stolindustrie. An doropshin hunn d'Aarbechter plus ou moins spontan eng Rëtsch Fabricke besat. An de 'Bierg- a Metallindustrie-Aarbechterverband' huet probéiert, dee Mouvement ze generaliséieren an zu engem Generalstreik opgeruff. Dat huet zu enger Militärinterventioun vun der franséischer Arméi gefouert, déi jo erbäigeruff ginn ass, fir d'Lëtzebuerger Police ze ënnerstëtzen. An huet och, nodeem de Streik ouni Erfolleg op een Enn gaangen ass, dozou gefouert, dass Honnerte vu Gewerkschaftsmemberen an der Stolindustrie entlooss gi sinn. An zousätzlech och nach op schwaarz Lëschte gesat gi sinn, dass se schwaarz Lëschten, dat huet geheescht, dass ee grouss Méi hat, duerno nach an engem anere Betrib eng Ustellung ze fannen."
Dëse gescheiterte Generalstreik huet dozou gefouert, dass d'Gewerkschaften historesch gesinn ëmmer extreem virsiichteg waren, wann et drëms gaangen ass, zu Mobiliséierungen opzeruffen, an dass ëmmer e grousse Wäert op eng soignéiert Organisatioun geluecht gouf. Géigeniwwer spontanen oder semi-spontane Protestaktiounen direkt aus der Aarbechterbeweegung, gouf et e gewëssent Mësstrauen.
Phase vu Kooperatioun a Konkurrenz am Wiessel
Wann ee sech d'Geschicht vun de béide grousse gewerkschaftleche Lager hei am Land ukuckt, sou géif een dem Adrien Thomas no feststellen, dass sech ëmmer nees Phase vu verstäerkter Kooperatioun mat Phase verstäerkter Konkurrenz ofgewiesselt hunn.
Eng wichteg Phas vun der Kooperatioun wier de Kampf ëm d'Kollektivverträg an den 1930er Jore gewiescht: Deemools hunn de "Bierg- a Metallindustrie-Aarbechterverband" an den LCGB sech an enger gewerkschaftlecher Loun-Kommissioun zesummegedoen. Dat mam Zil, fir vun der Regierung e Gesetz iwwert d'Kollektivverträg ze verlaangen. An deem Kontext hu béid Gewerkschaften och den 12. Januar 1936 zesumme fir e Gesetz iwwer d'Kollektivverträg manifestéiert. Ma obwuel et net zum Vott vun deem Gesetz komm ass, war dëst awer e wichtegen Ament an der Entwécklung vum Lëtzebuerger Sozialmodell:
"Trotzdeem ass den Nationalrot vun der Aarbecht geschaaft ginn, wou d'Gewerkschaften an d'Employeuren an d'Regierung dra vertruede waren, mat der Iddi fir ze mediéieren a fir am Fong d'Verhandele vu Kollektivverträg ze facilitéieren. An dat huet am Fong, dat war am Fong och eppes, wat eng relativ laangfristeg Wierkung op d'Lëtzebuerger Gewerkschaften an de Sozialmodell hat, well et dozou fir d'éischte Kéier zu enger Allianz komm ass tëschent dem kathoulesch-soziale Flillek aus der deemoleger Rietspartei - d'Virgängerorganisatioun vun der haiteger CSV - an de Sozialisten. An d'Joer drop, nom Referendum iwwert d' Maulkuerf-Gesetz, ass et dunn och zu där éischter Regierungsbedeelegung vun de Sozialiste komm an zu enger Koalitioun... zu enger Koalitiounsregierung ënnert dem Pierre Dupong, deen dem kathoulesch-soziale Flillek vun der deemoleger Rietspartei zougeuerdent ka ginn, an deen de Joseph Bech ersat huet, deen eng eendeiteg méi rietskonservativ Orientéierung vertratt huet."
Den Héichpunkt vum Afloss vun de Gewerkschaften, esouwuel wat d'Zuele vun hire Memberen, ewéi och den Afloss op d'Politik betrëfft, wiere sécherlech d'1970er an d'1980er Jore gewiescht. An den 1970er Jore gouf et iwwerdeems och nees eng Phas vu verstäerkter Kooperatioun tëscht dem Lëtzebuerger Aarbechterverband "LAV", der direkter Virgängerorganisatioun vum OGBL an dem LCGB. Dat am Kontext vum Iwwergang vun enger Industrie- an eng Déngschtleeschtungsgesellschaft an am Kontext vun der Stolkris.
An dësem sozioekonomesche Kontext huet och d'Grënnung vum OGBL a senger haiteger Form stattfonnt. Um Ufank stoung hei d'Iddi vun enger grousser Eenheetsgewerkschaft. Dës huet sech deemools net gegrënnt, well engersäits den LCGB an anerersäits grouss Deeler vun der deemoleger "Fédération des Employés privés" net wollte mat op dee Wee goen. Trotzdeem kéint een d'Grënnung vum OGBL als Succès bewäerten. D'Virgängerorganisatioun LAV wier nach staark op d'Stolindustrie konzentréiert gewiescht, wärend den OGBL awer a ville verschiddene Secteure present ass.
Et goufen awer och ëmmer nees Phase vu verstäerkter Konkurrenz, notamment ronderëm d'Sozialwalen, fir déi béid Organisatiounen a ville Betriber konkurréierend Lëschten opstellen, a bei deenen et heiansdo och zu manner schéine Campagnen um Niveau vun den eenzelen Entreprise ka kommen.
D'Entwécklung vum gewerkschaftlechen Afloss
Nom Héichpunkt vum gewerkschaftlechen Afloss an den 1970er an 1980er Joren, hunn d'Gewerkschafte wuel weider Membere rekrutéiert. Ma d'Member-Zuele vun de Gewerkschafte sinn net esou séier gewuess, ewéi den Aarbechtsmarché, sou dass de Prozentsaz vun de Salariéeën, déi Member vun enger Gewerkschaft sinn, iwwert déi lescht Joren erofgaangen ass.
Dass d'Gewerkschaften et fäerdegbruecht hunn, hiren Afloss ze halen, läit virun allem un hirer institutionaliséierter Participatioun un den Entscheedungsprozesser:
"Et gëtt d'Chambre professionnelle, et gëtt d'Chambre des Salariés, et gëtt d'Chambre vun de Fonctionnairen. Et gëtt d'Tripartite, déi ëmmer erëm zesummekomm ass, an an där wichteg Entscheedungen e bëssen am Konsens tëschent Regierung, Gewerkschaften an Employeure geholl gi sinn. D'Gewerkschaften hunn et och nach weiderhi fäerdegbruecht, Kollektivverträg ze verhandelen, mat engem Taux de couverture vun de Kollektivverträg, dee bei bal 60% läit. Do ginn et zwar sécherlech Länner an Europa, besonnesch am Norde vun Europa, déi driwwer leien, mee et ginn awer och vill Länner, wou d'Situatioun méi schlecht ass."
An den nächste Jore géing sech awer sécher d'Fro stellen, wéi d'Gewerkschafte wëlle géigesteieren, fir nees méi Afloss an nei Memberen ze kréien, a fir a Secteure vun der Ekonomie Presenz ze gewannen, an deene si aktuell manner staark vertruede sinn. Dat kéinten engersäits Secteure mat éischter schwieregen Aarbechtskonditiounen a Léin, wéi de Commerce an den Horeca, anerersäits awer och d'Finanzservicer oder déi grouss Consultingfirme sinn, an deenen d'Personal engersäits héich-qualifizéiert ass, ma wou et anerersäits awer och en héijen Turnover gëtt.
Op kuerz Siicht ass eng Fusioun tëscht OGBL an LCGB net realistesch
Déi aktuell Kooperatioun tëscht OGBL an LCGB wier sécher en neie Moment. Den Adrien Thomas gesäit an der Annonce vun der renforcéierter Kollaboratioun och e Message un d'Regierung:
"Dat heescht, ech gesinn an där Annonce vun där renforcéierter Kollaboratioun tëschent OGBL an dem LCGB ass warscheinlech och een Element dobäi, fir der Regierung a virun allem fir der CSV ze signaléieren, dass et de Gewerkschaften eescht ass a besonnesch, dass et dem LCGB och eescht ass, fir déi Kooperatioun an déi Allianz mam OGBL weiderzeféieren. Well do muss een natierlech wëssen, dass den LCGB wärend bal honnert Joer eng Organisatioun war, déi der CSV ganz nostoung, déi eemoleg Presidenten hat, déi duerno an d'Politik gaange sinn, déi eemoleg Presidenten haten, déi an der Chamber fir d'CSV souzen, dat heescht et war eng Organisatioun, déi zum Ekosystem vun der CSV gezielt huet an déi och dozou bäigedroen huet, dass d'CSV ee Bild vun enger Vollekspartei konnt opbauen, eng Vollekspartei, déi déi verschidde Schichte vun der Bevëlkerung representéiert, déi op een Interessenausgläich tëschent deene verschiddene Komponente vun der Lëtzebuerger Gesellschaft beduecht ass."
Dass et carrement zu enger Fusioun tëscht béide Gewerkschafte kéim, wier op kuerz Siicht awer net realistesch. Do wieren nach eng ganz Rei Froen, déi misste gekläert ginn. Dat wat een aktuell gesäit, géif éischter a Richtung vun enger Zort "Gentlemen's Agreement" goen, fir Divergenzen op eng geuerdent Manéier auszediskutéieren. Et geet awer net rieds dovun, bei den nächste Sozialwale gemeinsam Lëschten opzestellen.
D'Zukunft vum Lëtzebuerger Sozialmodell
D'Fro vun der Zukunft vum Lëtzebuerger Sozialmodell wier den Ament ganz aktuell. Dës géif sech elo an dësen Deeg entscheeden. Déi dräi Piliere vun dësem Modell wieren ëmmer d'Roll vun de Gewerkschafte beim Verhandele vun de Kollektivverträg, d'Sich no engem Konsens an eng aktiv Roll vum Staat als Vermëttler am Fall vu Konflikter, sief dat um Niveau vun den Entreprisen oder de Secteuren, gewiescht.
Den Engagement vun de Regierungen, fir am Fall vu soziale Konflikter bei der Sich no konstruktive Léisungen ze hëllefen, kéint een iwwerdeems als eng Zort Ausgläich fir e ganz restriktiivt Streikrecht verstoen, dat et de Gewerkschafte relativ schwéier mécht, ze streiken. Wann een déi aktuell Diskussioune ronderëm d'Kollektivverträg, d'Ëffnungszäiten am Commerce a ronderëm d'Rentereform kuckt, géing ee scho gesinn, dass dës den Ufank vun engem Broch vum Lëtzebuerger Sozialmodell kéinte sinn:
"Wann effektiv d'Legislatioun wat d'Kollektivverträg betrëfft, wat d'Verhandlung vu Kollektivverträg betrëfft, wann déi soll geännert ginn, wann déi Projete wat d'Ëffnungszäiten am Commerce an och wat déi Rentereform betrëfft, wann déi op déi Manéier duerchgezu ginn, wéi et eventuell ausgesäit, da kann ee scho vun engem Broch mam Lëtzebuerger Sozialmodell schwätzen, wéi en déi lescht Joerzéngte funktionéiert huet."