Wat ännert alles am Joer 2025 zu Lëtzebuerg?
D'Joer 2025 bréngt eng ganz Partie Changementer mat sech, dat virun allem beim Revenu, dem Logement an der Energie. Mir hu fir Iech resuméiert!
Akommes a Kafkraaft
✅ Fale vum Index : Ufank fir Enn 2024 virgesinn, wäert déi nächst Indextranche elo 2025 ustoen. Dem Statec no géif et am éischten Trimester vum neie Joer zu enger Erhéijung beim Salaire kommen. Konditioun hei ass, dass et net zu engem ze staarke Réckgang vun der Inflatioun kënnt, wéi dat am November de Fall war.
D'Ausléise vum Index féiert automatesch zu enger Erhéijung vun de Käschten am Secteur vun der Fleeg, sou wéi enger Erhéijung vun der Mindestrent an den Allocations familiales.
Rechent selwer ären nächste Salaire nom Fale vum Index aus:
✅ De Mindestloun gëtt gehuewen: De Montant vum soziale Mindestloun gëtt gehuewen.Vum 1. Januar u klëmmt den onqualifizéierte Mindestloun vun 2.570,93€ op 2.637,79€ brutto ze hiewen. De qualifizéierte Mindestloun géif da vun 3.085,11€ op 3.165,35€ brutto eropgesat ginn. Wuelverstanen ass dës Erhéijung virum Index virgesinn, dëse kéim dann nach eemol am Laf vum Trimester dobäi.
✅ Et musse keng Steieren um onqualifizéierte Mindestloun bezuelt ginn: Leit, déi den onqualifizéierte Mindestloun kréien, ginn net um Revenu besteiert.
✅ Rente gi gehuewen: De Montant vun de Pensiounen gëtt ugepasst. Vum 1. Januar 2025 u klammen déi dann ëm 1,6%.
✅ De Steierbarème gouf ugepasst an d'Akommessteier wäert erofgoen: No Adaptatiounen um Steierbarème am Joer 2024 wäerten d'Steieren erofgoen, dat an der Moyenne ëm 6,3%.

© RTL-Archiv
✅ Steiererliichterunge fir elengerzéiend Elteren: Am Aklang mat der Upassung vum Steierbarème goufen et säitens der Regierung och Erhéijungen en faveur vun Elengerzéienden an der Steierklass 1a. A verschiddene Fäll ass d'Brutto-Akommes bis 50.000€ pro Joer steierfräi.
✅ D'Kreatioun vun der Primm "Jeune Salarié": Vun 2025 u kënnen Employeuren jonke Mataarbechter ënner 30 Joer eng Primm ausbezuelen, dat fir den éischten CDI-Kontrakt. Dëst si konkret 5.000€ fir e Brutto-Akommes vu 50.000 Euro am Joer oder manner, 3,750€ wann ee bis 70.000€ Brutto am Joer verdéngt an 2.500€ bis 100.000 Brutto-Joresgehalt.
✅ Erhéijung vun der "Allocation de vie chère" a vun der Energie-Primm: Fir der Evolutioun vun de Präisser am Land gerecht ze ginn, huet d'Regierung decidéiert, fir d'Allocation de vie chère "substantiell" z'erhéijen, dat ëm 10%. Leit, déi vun enger "Allocation inclusion" profitéieren, kréien dëst automatesch ausbezuelt. D'Allocation de vie chère erreecht 2025 follgend Niveauen:
- E Stot, deen aus enger Persoun besteet (mat engem Brutto-Revenu vu maximal 2.710 Euro) kéint 2025 vun 1.817 amplaz vu bis ewell 1.652 Euro profitéieren.
- E Stot, deen aus 2 Persoune besteet (mat engem Brutto-Revenu vu maximal 4.065 Euro) kéint 2025 vun 2.272 amplaz vu bis ewell 2.065 Euro profitéieren.
- E Stot , deen aus 4 Persoune besteet (mat engem Brutto-Revenu vu maximal 5.692 Euro) kéint 2025 vun 3.182 amplaz vu bis ewell 2.891 Euro profitéieren.
✅ D'Energie-Primm gëtt verdräifacht: Iwwert de Plaffong eraus soll de Montant ëm d'Hallschent gekierzt ginn, sou dass d'Primm net méi komplett inaccessibel fir Leit ass, déi e wéineg méi verdéngen, wéi de maximale Seuil.
- E Stot, deen aus enger Persoun besteet (mat engem Brutto-Revenu vu maximal 3.388 Euro) ka vun nächstem Joer u vun enger Energie-Primm vu 600 am Plaz 200 Euro profitéieren.
- E Stot, deen aus 2 Persoune besteet (mat engem Brutto-Revenu vu maximal 5.082 Euro) ka vun nächstem Joer un vun enger Energie-Primm vu 750 am Plaz 250 Euro profitéieren.
- E Stot, deen aus 4 Persoune besteet (mat engem Brutto-Revenu vu maximal 7.115 Euro) ka vun nächstem Joer un vun enger Energie-Primm vu 1.050 am Plaz 350 Euro profitéieren.
✅ Manner Steieren fir Expats: Fir auslännesch Talenter unzezéien, virun allem a groussen Internationale Konzerner, gi Paie vu Salariéen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, well se vun enger Entreprise am Ausland op Lëtzebuerg geschéckt goufe fir ze schaffen, zu 50% net besteiert. Dëst gëllt bei engem Joresgehalt vu 75.000€ un a bis maximal 400.000€.

© RTL-Archiv
✅ De Präis vum Tubak klëmmt: De Budget 2025 gesäit fvr, dass d'Accisen um Tubakspräis ëm 5,5% klamme wäerten. Sou soll der Chamber no de bëllegste Pak mat 20 Zigarette 5,50 Euro (+0,30€) kaschten. E Pak vu 25 Zigarette soll dann ëm 8 Euro kaschten.
✅ Den Akommes-Steiersaz fir Entreprise geet erof: Den IRC geet vum 1. Januar 2025 ëm 1 Prozentpunkt erof, fir "d'Kompetitivitéit vun den Entreprisen an der Lëtzebuerger Ekonomie" ze stäerken.
Logement
✅ Déi exzeptionell Hëllefe vun 2024 gi fir 6 Méint verlängert: Verschidden Hëllefe fir dem Immobiliësecteur 2024 ënnert d'Äerm ze gräifen, wäerten verlängert ginn, dat bis an d'Joer 2025 eran. Heizou gehéiere virun allem d'Stäerkung vum "Bëllegen Akt" a vun der Kapitalertragssteier. Dës Mesurë gëllen elo bis den 1. Juli 2025.
✅ De Staat iwwerhëlt d'Käschte fir preventiv archeologesch Ausgruewunge komplett: Vum 1. Januar u klëmmt déi staatlech Bedeelegung hei vu 50 op 100%, dat als Äntwert op d'Baukris zu Lëtzebuerg.
Energie
✅ Oprechterhale vum Tarif-Schutz fir Stroum an Erhéijung vum Präis: D'Ënnerstëtzung bei de Stroumpräisser gouf zwar reduzéiert, ma dofir awer méi breet verdeelt. Duerch d'Hëllefe ginn d'Präishaussë par Rapport zu 2024 op 30% begrenzt, am Verglach zu 60% ouni staatlech Interventioun. D'Hëllefe betreffe "Clienten, mat engem Joresverbrauch vu manner wéi 25.000 kWh". D'Reduktioun gëllt "automatesch" fir all betraffe Clienten, dat vum 1. Januar u bis den 31. Dezember 2025. Dëst si ronn 110€ am Joer fir eng Wunneng (mat engem Joresverbrauch vun 1.500 kWh) an 300 Euro fir en Haus (mat engem Joresverbrauch vu 4.000 kWh)

© RTL-Archiv
✅ D'Präis-Struktur vum Stroum-Reseau ännert sech:Souwuel fir Menagen, wéi och fir Entreprisen gëllen nei Stroumpräisser. Ganz konkret ginn all d'Verbraucher am Land engem "Referenz-Leeschtungsniveau" zougewisen. Gëtt den Duerchschnëttswäert zu bestëmmten Dageszäiten iwwerschratt, gëtt déi Energie, déi een ze vill notzt, "zu engem méi héije Präis" verrechent. Dëst kéint dann natierlech zu méi héije Stroumrechnunge wéi gewinnt féieren.
✅ Hausse vun der CO2-Tax op Pëtrol a Pëtrolsproduiten: 2025 wäert dës Tax ëm 5€ klammen, dat op 40€ pro Tonn. Dëst ass dat Duebelt zënter deem dës CO2-Tax am Joer 2021 agefouert gouf. 2026 wäert dës Hausse nach eemol nei ugepasst ginn. Op der Pompel mécht dës Hausse e bëssen eppes iwwer 0,10€ de Liter Bensinn aus, beim Diesel ass et eng Hausse vun 0,12€.
✅ Den CO2-Steierkredit gëtt gehéicht: Den neie Budget fir 2025 gesäit eng Erhéijung op 192€ fir d'Joer vir, also e Plus vu 24 Euro am Verglach zu 2024. Wat ee méi verdéngt, wat dësen awer manner héich gëtt.