Renovéiert Start- a Landepist um Findel gëtt Ufuerderungen net gerecht

© RTL-Archivbild
Viru gutt 2 Wochen hat jo um Findel d'Start- a Landepist musse gespaart ginn, wéinst enger Anomalie am Beräich vum Belag.
Alleguer déi néideg Sécherheetsmesurë wieren direkt en Place gesat ginn. D'Bedreiwergesellschaft vum Findel verweist awer e Méindeg an engem Communiqué drop, datt dëst just ee vu méi Incidente war, deen a Relatioun mat engem techneschen Defaut vun der frësch renovéierter Pist steet.
Fir lux-Airport stelle sech legitim Froen iwwer d'Laangzäit-Performance an d'Resilienz vun der renovéierter Infrastruktur.
Éischten Analysen no géing déi nei Pist den Ufuerderungen net gerecht ginn, deelt lux-Airport an engem Schreiwes mat.
Et géif een de Moment all d'Méiglechkeete préiwen, déi zur Verfügung stinn, och déi legal Mëttel. Et misst séchergestallt ginn, datt laangfristeg d'Operabilitéit an d'Sécherheet garantéiert wieren, sou lux-Airport. Den Incident vu viru ronn 2 Wochen hat fir grouss Perturbatiounen um Findel gesuergt.