Fir e Mëttwoch sinn héich Temperature gemellt a vill Leit froe sech, ob d'Schoulen an hirer Gemeng op sinn oder net. Kuckt hei den aktuelle Stand.

Guer keng Schoul um Mëttwoch

Diddeleng

D'Kanner aus dem Precoce sinn en Dënschdeg an e Mëttwoch fräigestallt. Fir déi Kanner, déi trotzdeem dohi wëllen oder mussen, ass en Accueil virgesinn. D'Maison Relais ass zu den üblechen Horairen op.
Déi Kanner, déi net an d'Schoul ginn, solle vun hiren Elteren ofgemellt ginn - virun 8.00 Auer an der Schoul a viru 9.00 Auer an der Maison Relais. D'Hotline vun der Maison Relais ass: 51 61 21 – 5678
 
D'Schoulflicht ass e Mëttwoch, den 2. Juli, ab 11.35 Auer opgehuewen. D’Léierpersonal assuréiert een Accueil fir déi Kanner, déi an der Schoul bleiwen. D’SEA funktionéiert zu den normale Stonnen.

Feelen

Keng Schoul an der Ecole fondamentale "Am Kuebebongert" wéinst den annoncéierten Temperaturen. En Accueil ass assuréiert an och de Schoultransport funktionéiert normal. 

Keel-Téiteng 

D'Schoulflicht fir sämtlech Schoulen (Precoce bis Cycle 4)  ass e Mëttwoch opgehuewen. En Accueil an de Schoulen ass garantéiert.

Mäertert-Waasserbëlleg 

D'Schoul fir d'Zyklen 1-4 falen aus. Wärend där Period funktionéiert een Accueil, dee vum Léierpersonal garantéiert gëtt. D'Maison relais funktionéiert zu den normalen Zäiten.

Rëmeleng

Schülerinnen a Schüler aus dem Precoce bis Cycle 4 kënnen den 2. Juli doheem bleiwen. Et gëtt eng Betreiung ugebuede fir déi Schüler, deenen hir Eltere schaffe mussen an net fräigestallt ginn.

Keng Schoul um Mëttwoch de Mëtteg

Bartreng

Schoulflicht ass e Mëttwoch vun 12 Auer un opgehuewen. D’Léierpersonal assuréiert een Accueil fir déi Kanner, déi an der Schoul bleiwen. D’SEA funktionéiert zu den normale Stonnen an de Schoultransport fiert ewéi gewinnt.

Bettenduerf

D’Gemeng Bettenduerf deelt mat, dass d’Coursen vun e Mëttwoch de Mëtteg (2.Juli) wéinst der Hëtzt annuléiert sinn. 
Et gëtt en Accueil fir d’Schüler assuréiert.

Berbuerg

De Schoulsyndikat SYNECOSPORT deelt mat, dass keen Unterrecht e Mëttwoch de Mëtteg an der Schoul zu Berbuerg stattfënnt. En Accueil gëtt vum Léierpersonal garantéiert an och de Schülertransport fonctionéiert normal.

Betzder

Och zu Betzder huet de Schäfferot decidéiert, dass e Mëttwoch de Mëtteg de Schoulunterrecht an der Grondschoul ausfält. Selbstverständlech funktionéiert eng Surveillance fir d’Schüler, déi vum Léierpersonal garantéiert gëtt. De Schülertransport funktionéiert wéi ëmmer.

Biekerech

D'Schoulkanner kréien e Mëttwoch de Mëtteg hëtztfräi. D'Schoulpersonal garantéiert eng Surveillance an den eenzele Schoulgebaier fir d'Kanner, déi net Heem ginn. De Schülertransport bleift och garantéiert.

Biissen

De Schoulunterrecht an der Gemeng Biissen fir d'Zyklen 1-4 ass e Mëttwoch de Mëtteg net obligatoresch.Wärend där Period funktionéiert een Accueil, dee vum Léierpersonal garantéiert gëtt. D'Maison Relais funktionéiert zu den normalen Zäiten. Och d'Schoulbusser fueren normal.

Biwer

D’Gemeng Biwer huet decidéiert, datt e Mëttwoch de Mëtteg keng Coursen an der Schoul sinn. All Schüler sinn deemno fir vun 13.50 bis 15.40 Auer vum Cours dispenséiert. Fir déi Kanner, déi e Mëttwoch de Mëtteg an d’Schoul kommen, gëtt en Accueil organiséiert. D’Maison Relais an de Schoultransport funktionéieren normal.

Clierf

Den Unterrecht fir d’Schüler aus der Grondschoul zu Reiler fält dëse Mëttwoch Nomëtteg aus. Wärend där Period funktionéiert een Accueil, dee vum Léierpersonal garantéiert gëtt. D'Maison Relais funktionéiert zu den normalen Zäiten.

Dippech

Keng Schoul um Mëttwochnomëtteg. D'Léierpersonal assuréiert wärend der gewinnter Schoulzäit den Accueil op der Plaz. D'Maison Relais bleift zu de gewinnten Ëffnungszäiten op. D'Eltere si gebieden, hir Kanner ofzemellen, falls se net an d’Maison Relais ginn. D’Schoulbusser fuere wéi gewinnt.

Duelem
 
D’Schoulpersonal ass sur Place fir dat néidegt Encadrement an Organisatioun.

Ell

Keng Schoul mëttes, Accueil bleift awer garantéiert an d'Maison Relais funktionéiert zu de gewinnten Zäiten.

Ëlwen

Schüler aus dem Precoce, grad ewéi de Cyclen 1-4 sinn e Mëttwoch de Mëtteg fräigestallt.

Fluessweiler a Wuermer

De Schoulsyndikat Billek (Fluessweiler a Wuermer) huet seng Schüler vum Cours um Mëttwoch Nomëtteg dispenséiert. Moies ass normale Cours. En Accueil ass assuréiert fir déi Kanner, déi net heem kënne goen (Presenz matdeelen w.e.g.). De Schoultransport funktionéiert normal. De Service Maison Relais leeft och normal vun 7.00 Auer bis 19.00 Auer, muss awer am Viraus informéiert ginn.

Garnech

Keng Coursen an de Schoulen an der Gemeng Garnech. Et gëtt en Accueil assuréiert an och d'Schoulbusser fueren normal.

Gréiwemaacher

D'Primärschoul wäert e Mëttwoch de Mëtteg fir d'Schüler net obligatoresch sinn. D'Personal ass awer am Gebai, fir en Accueil ze garantéieren. D'Museksschoul ass en Dënschdeg a Mëttwoch de Mëtteg zou, eenzeg d'Exame wäerten ofgehale ginn.

Groussbus-Wal

De Cours zu Gréiwels hält um 12.15 op, zu Groussbus ass um 12.05 Auer Schluss. Am Nomëtten ass keng Schoul, an et ass dee Moment och kee Schoultransport organiséiert.
A béide Gebaier ass vun 14.00 Auer bis 15.50 Auer awer en Accueil organiséiert fir déi Kanner, déi net doheem kënne bleiwen. D'Eltere sollen d'Léierpersonal sou séier et geet, doriwwer informéieren. Och d'Maison relais'e sinn déi gewinnten Zäiten a Betrib.

Habscht

D'Schüler vun der Gemeng Habscht sinn am Nomëtteg dispenséiert. Een Accueil an der Schoul ass assuréiert fir déi Kanner, déi net doheem bleiwen. Schoultransport a Maison Relais’en fonctionéieren normal.

Iechternach

Wéinst dem Wieder fale Coursë fir d'Zyklen 1 bis 4 de Mëttwoch, 2. Juli 2025 vu 14:00 bis 16:00 Auer aus. De LASEP-Cours fält aus, d’Maison Relais bleift op wéi gewinnt.

Jonglënster

Keng Coursë fir d'Cyclen 1-4. E Service d'Accueil op de Sitten zu Jonglënster, Buerglënster a Gonnereng gëtt assuréiert. D'Maison Relais bleift zu den normalen Auerzäiten op.

Konsdref

Wéinst de virausgesote Wiederkonditioune fält d’Schoul um Mëttwochnomëtteg aus. D’Léierpersonal assuréiert wärend der gewinnter Schoulzäit den Accueil op der Plaz. D’Maison Relais bleift zu de gewinnten Ëffnungszäiten op. De Schoultransport funktionéiert wei normal.

Koplescht

Cyclen 1-4 hunn e Mëttwoch de Mëtteg keng Schoul. Wärend där Period funktionéiert een Accueil, dee vum Léierpersonal garantéiert gëtt.
 
D’LASEP ass och annuléiert.
D'Maison Relais funktionéiert zu den normalen Zäiten.
De Schoultransport leeft normal.

Kielen

D'Schoul bleift e Mëttwoch de Mëtteg zou, et gëtt awer en Accueil garantéiert. D'Maison Relais bleift zu den normalen Zäiten op.

Lenneng/Kanech

D'Gemeng deelt mat, dass d'Schoulen zu Lenneng a Kanech e Mëttwoch de Mëtteg de Schoulkanner wéinst der Hëtzt fräi gëtt. D'Schoulpersonal ass sur Place, fir dat néidegt Encadrement an Organisatioun.

Lëntgen

De Schäfferot vun der Gemeng Lëntgen deelt mat, dass wéinst de Wiederprevisiounen de Schoulunterrecht an der Gemeng Lëntgen fir d'Zyklen 1–4 de Mëttwoch Mëtteg (13:50-15:40), 2. Juli 2025 ausfält. Wärend där Period funktionéiert een Accueil, dee vum Léierpersonal garantéiert gëtt.

D’LASEP ass och annuléiert.
D'Maison Relais funktionéiert zu den normalen Zäiten.
De Schoultransport leeft normal.

Mäerzeg

An den Zyklen 1-4 fält e Mëttwoch am Nomëtteg de Cours aus. D’Léierpersonal assuréiert awer een Accueil fir déi Kanner, déi an der Schoul bleiwen. D’Maison Relais fonctionéiert zu den normalen Ëffnungszäiten.

Miersch

Den Enseignement an der Mierscher Grondschoul (Cyclen 1-4) fält e Mëttwoch Nomëtteg aus. D’Léierpersonal garantéiert een Accueil. Béid Maison-relaisen hunn zu gewinnte Stonnen op. De Schülertransport funktionéiert moies a mëttes wéi üblech.
D’Sportcoursë vun der LASEP sinn e Mëttwoch och annuléiert.

Monnerech a Steebrécken

D'Schoulkanner aus der Gemeng Monnerech (Schoulen zu Monnerech a Steebrécken) hunn e Mëttwoch Nomëtteg Mëtteg opgrond vun den annoncéierten Temperature schoulfräi. 
En Accueil gëtt vum Schoulpersonal assuréiert an d'Aktivitéite ginn den Temperaturen no adaptéiert. D'Maison Relais funktionéiert zu de gewinnten Auerzäiten.

Nidderaanwen

D'Schoul "Am Sand" bleift vun 12.15 Auer un zou. Den Accueil an der Maison Relais ass assuréiert, grad esou wéi de Schoultransport, et sinn awer keng Etudes Surveillées. Och d'Museksschoul wäert vun 12.15 Auer un zou bleiwen.

Préizerdaul

Am Préizerdaul ass e Mëttwoch de Mëtteg keng Schoul, den Accueil bleift awer garantéiert an d'Maison Relais funktionéiert zu de gewinnten Zäiten. De Schoultransport fiert och normal

Réiden/Atert

Och zu Réiden ass e Mëttwoch de Mëtteg keng Schoul, den Accueil bleift awer garantéiert an d'Maisons Relais funktionéieren zu de gewinnten Zäiten. D'Coursen an der Museksschoul sinn um Dënschdeg a Mëttwoch annuléiert, d'Exame ginn awer gehalen.

Réiser

De Schäfferot vun der Gemeng Réiser huet decidéiert, dass d’Coursen an alle Gemengeschoulen (vum Précoce bis de Cycle 4) e Mëttwoch, den 2. Juli 2025, ab 14:00 Auer annuléiert sinn. En Accueil ass vun 14:00 bis 16:00 Auer an de jeeweilege Schoulgebaier garantéiert.
De Schoultransport an de Pédibus funktionéiere wéi gewinnt. De Service d’Éducation et d’Accueil bitt seng Servicer och zu den normalen Ëffnungszäiten un.
D’Schoulfest, dat e Mëttwoch am Nomëtteg um Campus Kannerinsel zu Bierchem geplangt war, fält leider aus.

Rouspert-Mompech

De Schäfferot vun der Gemeng Rouspert-Mompech informéiert, dass wéinst de virausgesote Wiederkonditiounen d'Schoul e Mëttwoch den 2. Juli 2025, nomëttes ausfält. D'Léierpersonal assuréiert wärend der gewinnter Schoulzäit den Accueil op der Plaz. D'Maison Relais bleift zu de gewinnten Ëffnungszäiten op.

Sandweiler

E Mëttwoch vun 12.10 Auer un ginn d'Coursen annuléiert. Et gëtt een Accueil-Service vum Léierpersonal assuréiert. D'Maison relais bleift zu de gewinnten Auerzäiten op.

Schengenlycée

E Mëttwoch sinn d'Coursen um 11.40 Auer fäerdeg. Well besonnesch d'Ost-, Süd- a Westdeeler vum Schoulgebai eng staark Sonnenastralung hätten, soll d'Schoul méi fréi eriwwer sinn. Et gëtt deemno och kee Mëttegiessen ugebueden.

Schëffleng

Wéinst der Alerte Rouge fält d'Schoul vu 14 bis 16 Auer aus. En Accueil gëtt vum Léierpersonal assuréiert. D'Maison relais funktionéiert ganz normal, sou wéi och de Schoultransport.

Schëtter

An der Schoul an der Dällt ass vun e Mëttwoch 14 Auer un de Cours annuléiert. En Accueil fir d'Schüler, déi net heem kënnen, gëtt awer och hei assuréiert. Fir dëse kann ee sech iwwert ee Link umellen.

Stadbriedemes

Et wäert mëttes keen Enseignement fondamental ofgehale ginn, esou d'Decisioun vum Buergermeeschter Robert Beissel. En Accueil gëtt an de Schoulgebaier garantéiert.

Stengefort

D'Stengeforter Grondschoul geet e Mëttwoch bis 11.50 Auer. Et bléift awer eng Betreiung an der Schoul fir déi Kanner, déi net doheem betreit kënne ginn. Schoulbusser & Pédibus funktionéieren normal. D’Maison Relais bleift op a passt sech der Situatioun un.

Useldeng

Coursen e Mëttwoch tëscht 13.55 Auer an 15.50 Auer sinn annuléiert. D'Léierpersonal assuréiert en Accueil fir déi Schüler, déi awer an d'Schoul kommen. An der Maison Relais leeft den Accueil ganz normal virun.

Opruff un d'Gemengen

Gëtt et och an Ärer Gemeng eng Decisioun betreffend de Schoulcoursen e Mëttwoch, dann deelt eis dat gäre mat via Mail op red[at]rtl.lu. Just Informatioune vun de Gemenge selwer gi consideréiert.