Am Akafszenter City Concorde zu Bartreng war um Méindeg den Owend um 19 Auer e gréisseren Asaz vu Police a CGDIS. Grond heifir war ee verdächtege Geroch.

D'Gebai gouf evakuéiert an et war ee mat engem Dispositif op der Plaz, fir déi genee Ëmstänn ze klären. No Analys konnt ausgeschloss ginn, datt vun der Substanz eng Gefor ausgeet. 2 Mataarbechter vum Akafszenter koume fir d'Kontroll an d'Spidol. Den Asaz war um 22.10 Auer eriwwer.

RTL

© RTL Mobile Reporter

Wéi de CGDIS um Dënschdeg de Moie mellt, war e groussen Dispositif vu Rettungsservicer op d'Plaz geruff ginn: Zwee SAMUen, zwou Ambulanzen aus der Stad an eng vu Mamer, Pompjeeë vu Bartreng, Mamer, Lëtzebuerg, Péiteng an Dippech.