Den 3. Oktober gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume den neie Grand-Duc.

De Prënz Guillaume iwwerhëlt d’Positioun vum Staatschef vu sengem Papp Henri.

En Dënschdegmoien huet den Haff den neien offizielle Monogramm publizéiert, deen ënnert anerem op den Uniforme vun der Arméi, der Police, der Douane oder dem CGDIS ze gesinn ass.

RTL

© Maison du Grand-Duc

Et ass en duebele Buschtaf G, deen an italique geschriwwen ass, mat enger Kroun uewendriwwer.

Weider Detailer kann een am Communiqué noliesen