D'Partei begréisst, datt Jonggesellen entlaascht ginn, warnt awer virun der Hausse fir Familljen, wou just ee Partner schaffe geet.

Eng eenzeg Steierklass amplaz dräi, esou wéi de Finanzminister sech se virstellt, fënnt bei bal alle Parteien, och aus der Oppositioun, Zoustëmmung. Och wann et nach puer prinzipiell an technesch Bedenken oder Froe ginn. D’ADR huet par konter "e ganz grousse Problem" mam sougenannte Barème unique.
 
Genee ewéi all déi aner Parteien, LSAP, déi Gréng, Piraten an déi Lénk, begréisst den ADR-Deputéierte Fred Keup, datt Jonggeselle steierlech sollen entlaascht ginn. Op der anerer Säit huet hien drop higewisen, datt eng Koppel, an där just ee Partner e Revenu huet, am neie Barème dausenden Euro méi misst bezuelen. Dat géing géint den traditionelle Familljemodell goen.
 
De Finanzminister Gilles Roth sot sengersäits, datt den aktuelle Modell, deen op d’60er Joren zeréckgeet, Famillje mat engem Partner, deen doheem bleift, mat dausenden Euro privilegéiert hätt. Et wéilt een den neie Realitéite Rechnung droen. Fir déi Leit, déi am neie Barème schlecht ewechkommen, ass jo eng Transitiounsphas vun 20 Joer virgesinn.

Wichteg ass ze notéieren, datt den neie Barème esou opgestallt ass, datt just Koppele méi Steiere géinge bezuelen, wann ee Partner méi ewéi Dräivéierel vum Revenu vun der Koppel generéiert. Dat wieren onsen Informatiounen no och just 40% vun de Leit an der Klass 2 a 15% vun all de Steierzueler. D’Zuel un Dossieren, déi ënnert dee Cas de figure falen, gëtt och ëmmer méi kleng, well ëmmer méi dacks déi zwee Partner an der Koppel schaffe ginn a well ëmmer méi Leit sech scheede loossen.
 
Aktuell géing den neie Barème esouguer 44% vun de Leit an der Steierklass 2 entlaaschten. Et hänkt vun de Revenue vun den zwee Partner of.
 
D’Propos, déi um Dësch läit, gesäit och eng Transitiounsphas vun 20 Joer vir, wat bedeit, datt déi Leit, déi an der Steierklass 2 sinn an déi beim neie Barème géinge méi schlecht ewechkommen, nach 20 Joer laang an där Klass besteiert ginn.

Kanner a Gerechtegkeet

Déi Gréng an d’Piraten hu besonnesch méi Ënnerstëtzung fir Leit mat Kanner gefuerdert. De Gilles Roth sot, hie wéilt dat iwwert Steierkreditter oder Kannergeld maachen. Steierhaussen op méi héich Revenuen oder Kapitalerträg huet de Finanzminister iwwerdeems awer ausgeschloss.
 
Wéi den LSAP-Deputéierte Franz Fayot e Freideg scho bei eis op RTL sot, hunn den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner an de Piratendeputéierte Sven Clement méi Gerechtegkeet gefrot. De Finanzminister huet hei awer op de Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP higewisen, dee keng Steierhausse virgesäit. 
 
De Gilles Roth huet awer erkläert, datt de Käschtepunkt vun engem Barème unique, also manner Recettë vu ronn 800 bis 900 Milliounen Euro d’Joer, ënnert anerem doduerch opgefaange kéint ginn, datt déi 2,5 Indextranchen, déi am Barème nach net un d’Inflatioun ugepasst goufen an 1 bis 2 zukünfteg Tranchen, net direkt berengegt ginn.

Wéi geet et weider?

En Dënschdeg der Mëttegstonn presentéiert de Gilles Roth seng Propos fir eng eenzeg Steierklass de Gewerkschaften CGFP, OGBL an LCGB. Wärend dem Summer géing een d’Suggestiounen an d’Proposen afléisse loossen, fir datt no der Rentrée d’legislativ Texter preparéiert ginn. De Finanzminister hofft, datt de Barème unique am Joer 2028 kéint a Kraaft trieden.