Lycéesschüler beschwéiere sech iwwert d'Konditiounen am Klassesall

© RTL
Ëmmer méi Schoulen a Lycéeën annoncéieren, dass de Cours entweder deelweis oder komplett e Mëttwoch ausfält. Ma dëst ass net de Fall fir all Gebai...
En Dënschdeg hu jo vill Schoulen an Lycéeën annoncéiert, fir e Mëttwoch d'Dieren vun de Klassesäll deels oder souguer de ganzen Dag zou ze loossen an d'Schüler heem ze schécken, respektiv doheem ze loossen. Wéi gesot, "vill" Lycéeën a Schoulen maachen dat esou, allerdéngs nach laang net alleguerten.
Verschidde Lycéesschüler fille sech heibäi "onfair behandelt" an hu sech e Méindeg och massiv bei RTL gemellt a matgedeelt, wéi si d'Situatioun gesinn an, dass d'Konditiounen an d'Hëtzt a verschiddene Klassesäll deels "net auszehalen" wieren. Vu Kappwéi, Konzentratiounsproblemer, Schwindel a souguer vu Kollapse a verschiddene Schoule geet rieds, dat wéinst de summerlechen Temperaturen am Moment zu Lëtzebuerg. Dëst konnt RTL natierlech net onofhängeg iwwerpréiwen.
D'Fro, déi sech deelweis hei stellt, ass, ob et net méi sënnvoll wier, de Lycéeën am Land einfach eenheetlech fräi ze ginn. Heivir géif et awer awer eng einfach Erklärung ginn, wisou dat ebe grad net sou gemaach géif ginn. D'Temperaturen an d'Konditioune géifen nämlech jee no Gebai, also vu Schoul zu Schoul a vu Lycée zu Lycée variéieren.
"Dofir kënne situatiounsugepasste Mesuren op lokalem Niveau decidéiert ginn, d.h. vun de Gemengen (fir d'Grondschoulen) a vun de Lycéesdirektiounen (fir d'Secondairesschoulen)", sou d'Myriam Bamberg aus dem Educatiounsministère.
Eng Dispense vun der Schoulflicht op nationalem Niveau gëtt dohier net envisagéiert, och wann d'Evolutioun vun der Situatioun zesumme mat den zoustännegen Autoritéite géif suivéiert ginn. Weider heescht et, den Educatiounsministère hätt och e Méindeg d'Recommandatioune vum Gesondheetsministère fir de Schutz géingt d'Auswierkunge vun der Hëtzt u sämtlech Schouldirektioune geschéckt.