Enn Abrëll hätt de Minigolf an der Péitruss nees fir de Public sollen opgoen. Elo ass d'Anlag awer nach ëmmer zou, well de Site net sécher genuch ass.

D'Anlag gouf direkt nieft de Fielsen am Péitrussdall installéiert a well d'Fielswand net stabil ass, kënnt et alt vir, dass Stécker vun der Mauer op d'Pist falen. Eng Partie Bunne vum Minigolf goufe ganz no un dee Fiels gebaut. Wéinst Botzaarbechten am Fréijoer, bei deenen den Efeu an aner gréngt Gestrëpps ewech gemaach goufen, ass d'Fielswand elo onstabil.
 
Den Efeu einfach weider wuesse loossen, ass och keng Optioun. Déi kleng Wuerzele vun der Kloterplanz maachen de Sandsteen mat de Jore futti. Mëtt Juli soll elo eng spezialiséiert Firma aus Frankräich sech d'Fielswand ukucken a Léisunge proposéieren. Déi Léisung, déi um Enn zréckbehale gëtt, muss en plus berécksiichtegen, datt een hei zum Deel an engem Beräich ass, dee vun der UNESCO protegéiert ass.
 
“De Minigolf wäert dëst Joer net méi opgoen”, seet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. “Fir ons ass et wichteg, datt elo déi richteg Aarbechte gemaach ginn. An datt mir de Minigolf dann d’nächst Joer kënne richteg aweien.”
 
Fir den Outdoor-Fitness-Studio an d'Spillplaz, déi direkt nieft dem Minigolf leien, huet d'Stad Lëtzebuerg eng provisoresch Léisung fonnt. E speziellt Gerëscht schützt viru Steng, déi eroffale kéinten. De Minigolf ass allerdéngs esou no un d'Fielswand gebaut, datt hei keng Plaz fir esou e Gerëscht ass.