An de leschten Deeg ass den #BamChallenge a ganz Lëtzebuerg viral gaangen.

D'Iddi ass einfach: e Bam planzen, e Bild oder e klenge Video deelen, an duerno eng aner Persoun oder Organisatioun nominéieren.

Wat fréier de Kettebréif war, ass haut de Post an de soziale Medien. Vill Gemengen, Associatiounen an Institutiounen aus dem Land hunn déi lescht Deeg am Kader vun dësem Challenge e Bam geplanzt. Vu Miersch bis Wanseler, vu verschiddene Scouts-Gruppe bis hin zum Grand-Duc Guillaume a sengem Papp.

Déi ëffentlech Posts an de soziale Medie weise vill Freed an Engagement, bei der Aktioun matzemaachen. Geleeëntlech mat engem witzegen Touch, enger flotter Gruppefoto oder engem klenge Video.

E Bam fir méi propper Loft

Et soll een net ënnerschätzen, wat esou e Bam fir d'Natur a fir eis selwer bedeit. Eng eenzeg Planz kann iwwer Joerzéngten Tonnen CO₂ bannen, bitt Villercher an Insekten e wichtege Liewensraum an hëlleft dobäi, d'Buedemqualitéit ze stabiliséieren.

Wat méi Leit matmaachen, wat den Impakt méi grouss ass. Donieft dierft dës Aktioun virun allem sensibiliséieren. Beem killen d'Loft, spende Schied an droen dozou bäi, extrem Hëtzt am Summer ze reduzéieren.

An eisem dach meeschtens stressegen Alldag wéist d'#BamChallenge, wéi einfach et ass, eppes Guddes ze maachen.

Schéckt eis Är Foto* am Kader vun der #BamChallenge op foto@rtl.lu.

*keng Videoopnam