D'Chamber huet en Donneschdeg eng Rei Adaptatiounen am Code pénal ugeholl.

Verschidde Strofprozedure sollen doduerch acceleréiert a méi effikass ginn. Donieft gëtt de Sursis reforméiert. Besonnesch dee Punkt gouf vun der Oppositioun deels ganz kritesch gesinn. An Zukunft muss e Riichter e Sursis bei enger schwéierer Strofdot explizitt begrënnen. Haut ass et ëmgedréit an Éischt-Täter, zum Beispill bei sexueller Gewalt, komme bei enger éischter Verurteelung dacks mat Sursis dovunner. Eppes wat Associatiounen wéi "La voix des survivantes" zanter Joren uprangeren.

LSAP, déi Gréng an déi Lénk reprochéieren der CSV-DP-Regierung awer mam Text iwwert d'Zil erauszeschéissen. Si géife mat enger repressiver Politik a virum Hannergrond vu méi Effizienz de Rechtsstaat relativiséieren an d'Rechter vun der Defense a Fro stellen. Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum gleeft der Majoritéit och net, datt et hir drëms goe géif, géint Gewalt géint Frae virzegoen.

Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum

"Wa mer do e Paradigmewiessel wëllen, da musse mer d'Diskussioun féieren iwwert d'Héicht vun de Strofen, sou wéi se am Moment festgeluecht sinn. Net d'Diskussioun "Sursis oder net Sursis". Well dorunner hänkt jo och ganz vill, vun där Héicht vun där Strof, wat de Riichter duerno als Urteel hëlt. Duerfir, fir mech bleift dat hei en absolut en novollzéibaren repressiven Tournant vun enger konservativer Regierung".

D'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue huet d'Reprochen vun der Oppositioun zréckgewisen. D'Regierung géif hei keng 180-Grad-Kéier huelen, mä e staarkt Zeechen setzen.

D'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue

"Mir sinn an der Orange Week  oder mir kommen elo an d'Orange Week. An et ass besonnesch e staarkt Signal, wa mer schwätzen, géint Gewalt, géint haislech Gewalt. Mengen ech, da musse mer och kënne soen, voilà, mir hätte gären, datt déi zousätzlech Hürd an deem Dossier dran ass fir datt gekuckt gëtt ass dee Sursis justifiéiert. An ech muss ganz éierlech soen, dir hutt jo lo all déi Petitiounen. Déi waart derbäi, dir gitt bei all déi Associatiounen. Dann hoffen ech, datt der hinnen haut och erkläert wat der haut sou gestëmmt hutt a firwat der sou gestëmmt hutt."

Den Text ass um Enn mat 40 Jo-Stëmmen géint 8 Nee an 12 Enthalungen gestëmmt ginn.