Liewensaarbechtszäit an d’Luucht setzen, wier net vum Dësch
Dat huet d'Sozialministesch Martine Deprez no engem Besuch an der zoustänneger Chamberkommissioun virun der Press deklaréiert.
D’Liewensaarbechtszäit an d’Luucht setzen, esou wéi de Premier Luc Frieden proposéiert huet, ass net vum Dësch. Si sot och, et géing bis de 9. Juli keng nei Propose vun der Regierung gemaach ginn. Deen Dag géing ee mat de Sozialpartner iwwert déi Propos verhandelen.
D’Propos, fir vun 2030 un (*) d’Cotisatiounszäit ëm 3 Méint ze verlängeren, fir de reellen Rentenalter méi no u de legalen Alter vu 65 ze bréngen, géing de Finanzéierungsbedarf vum System méi kleng maachen, mee net duergoen, esou nach d’Ministesch.
Op Nofro hin huet d’Sozialministesch d’Hausse vun der Cotisatiounszäit (*) indirekt chiffréiert.
Si huet et esou erkläert: amplaz, datt Assuré, Employeur a Staat all eenzel 8% cotiséieren ewéi haut (also 24% am Ganzen), misste se an e puer Joer méi cotiséieren, fir datt de System sech finanziell dréit. Mat enger Hausse vun der Liewensaarbechtszäit eleng géingen d’Stéchdatumer no hanne réckelen, respektiv de Finanzéierungsbedarf méi kleng ginn.
Elleng geet déi Mesure allerdéngs net duer also. Iwwert eng ganz Rei aner Optiounen, déi den 9. Juli wäerten diskutéiert ginn, wollt si näischt verroden. Si kéint net “virgräifen”, esou d’Sozialministesch, well een elo mol misst nolauschteren, wat d’Sozialpartner soen.

Vill Verhandlungsspillraum
De Premier sot virun annerhallwer Woch an de Vizepremier Xavier Bettel e puer Deeg drop bei eis op RTL, et kéint een och iwwert eng Hausse vun de Cotisatiounen diskutéieren – fir d’Gewerkschafte wier dat de bessere Wee, wann de Rentesystem finanziell desequilibréiert ass. D’Sozialministesch gesäit doranner keen “Zeréckrudderen”.
D’Pensiounskeess ass spéitstens vu nächstem Joer un defizitär. D’Reform vun 2012 gesäit vir, datt d’Chamber dee Moment muss iwwert eng Reduzéierung vum Reajustement vun de Renten decidéieren. Dëst ass eng Upassung vun de Renten un d’Lounentwécklung – dat nieft der Indexéierung. Eng Hausse vun de Cotisatiounen ass laut Reform vun 2012 eréischt dann néideg, wann de Niveau vun der Reserve ënnert e gewëssene Niveau fält an dat wier de Projektiounen no 2039. Fir d’Sozialministesch Martine Deprez wier just eppes kloer: “näischt maachen, ass keng Optioun”.
Rendez-vous haut 8 Deeg mat de Sozialpartner also. D’Sozialministesch huet awer op Nofro hi verroden, datt d’Inspection générale de la sécurité sociale, d’IGSS, eng 60 verschidden Zenarie berechent huet. Et gëtt also vill Handlungs- oder Verhandlungsspillraum.
“Schwätz mat" - Campagne eng gutt Basis oder eng Schäindebatt?
D’Sozialministesch war u sech an der Chamber Sozialkommissioun a virun der Press fir d’Resultater vun der Consultatiounsdebatt “Schwätz mat” ze presentéieren. D’Proposen a Positiounen aus der Campagne spigele graff resuméiert d’Konvergenzen an Divergenzen aus dem Avis vum Comité économique et social, bei deem sech Patronat a Gewerkschaften op enger Rei Punkten net eens gi waren.
D’Resultat vun der Campagne confirméiert awer dann, datt ausgerechent d’Iddi, fir d’Liewensaarbechtszäit an d’Luucht ze setzen, extrem polariséiert. Konsens géing et bei Generalitéite ginn, ewéi Altersaarmut bekämpfen, Generatiounegerechtegkeet hunn oder d’selwecht Reegelen an alle Secteuren applizéieren.
Iwwerdeems d’Oppositiounsparteien LSAP, déi Gréng an déi Lénk um Mëttwoch de Moie vun enger “Schäindebatt” geschwat hunn, géing d’Campagne, esou d’Martine Deprez, e “gemeinsaamt Verständnis” vun der Lag an eng gutt Basis liwweren.
(*) an enger éischter Versioun vum Artikel hu mi geschriwwen, datt d'Propos virgesäit, datt ee vu 45 Joer u méi laang misst cotiséieren. Den Alter vu 45 war vum Premier als Beispill genannt ginn. Richteg ass, datt vum Joer 2030 un, d'minimal Cotisatiounszäit fir kënne viru 65 an d'Pensioun ze goen - aktuell 480 Méint - graduell géing fir jiddereen all Joer ëm 3 Méint eropgoen. De Luc Frieden hat d'Beispill genannt vun engem, deen haut 45 Joer al ass, deen da misst 2,5 bis 3 Joer méi laang schaffen. Et hänkt natierlech dovunner of, wéini een ugefaangen huet mat cotiséieren a wat een ugerechent kritt ewéi zum Beispill Studiejoren.