Nationaalt Schoulfräi just, wann et ze riskant ass, virun d'Dier ze goen

Et war déi grouss Diskussioun vun de leschten Deeg: Wéi waarm gëtt et dëse Mëttwoch a kréien d'Schüler fräi, well et fir ze schaffen ze waarm ass?
D'Äntwert ass do awer ganz kloer zimmlech onkloer, well hei d'Decisioun eben net op nationalem Plang geholl gëtt, mä dës Decisioun bei de Gemenge fir d'Grondschoul a bei den Direktioune vun de Lycéeë fir hir Gebaier läit.
De premier Conseiller aus dem Educatiounsministère Lex Folscheid erkläert, datt een um nationale Plang dës Decisioun just dann hëlt, wann et e Risiko ass, wann d'Leit virun d'Dier ginn. "Dofir hu mer schoulfräi gi bei Iwwerschwemmungen, dofir hu mer schoulfräi gi bei Glëtz, bei Schnéi. Ëmmer dann, wann et geféierlech ass, virun d'Dier ze goen."
Wann de Schoulwee ze geféierlech ass, kann de Ministère dës Decisioun fir all d'Schoulen a Lycéeën am Land huelen. Bei enger Canicule ass dat anescht.
Educatiounsministère ass net zoustänneg
"Den Ekipement vun de Schoulinfrastrukture fält net an de Kompetenzberäich vum Educatiounsministère, mee an dee vun de Gemengen (fir d'Grondschoulen) respektiv vum Ministère des Travaux publics (fir d'Secondairesschoulen)", heescht et op Nofro aus dem Educatiounsministère.
Responsabel op der Plaz kënne besser evaluéieren
Op d'Fro, wéi eng Temperaturen an de Säll den Educatiounsministère nach als akzeptabel ugesäit, fir datt d'Schüler an d'Personal kënne schaffen, heescht et: "Den Educatiounsministère huet gëschter (Méindeg) d'Recommandatioune vum Santésministère fir de Schutz géingt d'Auswierkunge vun der Hëtzt u sämtlech Schouldirektioune geschéckt."
Dem fir d'Educatioun a fir d'Personal um Terrain zoustännege Ministère no sinn nämlech d'Leit op der Plaz respektiv d'Gemengen an enger besserer Positioun, fir dëst ze evaluéieren. All Gebai huet aner Gegebenheeten an dofir kënnen och vu Gemeng zu Gemeng, Lycée zu Lycée a souguer Gebai zu Gebai d'Konditioune fir d'Léierpersonal an d'Schüler variéieren. "Dofir kënne situatiounsugepasste Mesuren op lokalem Niveau decidéiert ginn."
Déi héich Temperaturen am Klassesall huet een zum Deel och am Kannerzëmmer.
De Ministère gesäit nämlech een Avantage, wann d'Kanner am Klassesall sinn. Hei gi si vun engem Professionelle betreit, deen am Bléck huet, datt d'Mesurë vum Gesondheetsministère, wéi vill drénken am déi direkt Sonn ze evitéieren, agehale ginn. Leider weess een nämlech am Ministère, datt, wann d'Kanner Hëtztfräi kréien, datt net onbedéngt heescht, datt si doheem betreit sinn. "Bei ville Schüler wäerte keng Elteren do sinn an da besteet de Risiko, datt d'Kanner, déi eleng sinn, dës Geste vläicht net suivéieren." Da kéinte Saache geschéien, "déi mer eis alleguer net ausmole wëllen", warnt de Premier Conseiller aus dem Educatiounsministère.
Ministère fir ëffentlecht Bauen: Gebaier ginn zanter 20 Joer beschtméiglechst géint Hëtzt geschützt
Wéi och schonn den Educatiounsministère confirméiert de Ministère des travaux publics, datt d'Decisioun, wéini et Hëtzefräi gëtt, bei den Notzer vum Gebai, also de Gemengen oder Lycée läit.
Am Ministère huet een de Problem vun de staarken Hëtztperioden am Summer, déi ëmmer méi heefeg ginn, um Schierm an "d'Iwwerhëtzung vu Schoulgebaier gëtt zu engem wichtegen Thema".
Dräi Punkte bei Schutz géint Hëtzt wichteg
Fir dëser Entwécklung Rechnung ze droen, "plangt d’Verwaltung fir ëffentlech Bauten zanter méi wéi 20 Joer bei all Neibau-Projet an no Méiglechkeet och bei gréissere Renovatiounen esou, datt d'Gebaier beschtméiglech géint d'Hëtzt opgestallt sinn", heescht et op Nofro hin. Dobäi sinn dräi Punkte wichteg.
- Ee gudde Sonneschutz als éischt Mesure
"Et gëtt systematesch drop opgepasst, datt een effikasse Sonneschutz ageplangt gëtt. Dëst reduzéiert déi direkt Astralung vun der Sonn an domat och d’Ophëtze bannen am Gebai."
- Thermesch Späichermass, fir d'Temperaturerhéijung ze dämpfen
"Eng weider wichteg Moossnam ass d'Realisatioun an d'Notzung vun enger héijer thermescher Späichermass – wéi een dat vu Kierchen oder ale Bauerenhaiser mat décke Mauere kennt – déi dobäi hëlleft, datt d'Temperature bannen net sou séier klammen, mee méi laang moderat bleiwen."
- Effikass Killung
"Fir d'Hëtzt nees aus de Gebaier erauszekréien, gëtt op natierlech Nuetslëftung mat meeschtens motoriséierte Fënstere gesat – besonnesch an de Lycéeën. Well an Zukunft d'Nuetstemperaturen iwwert e puer Deeg méi héich bleiwen, reecht dës natierlech Moossnam net méi ëmmer aus. Dofir ass virgesinn, an Zukunft och verstäerkt op aktiv mechanesch Killung ze setzen."
Fir datt dëst awer effikass funktionéiert, ass et wichteg, datt am Gebai verschidde Reegelen agehalen ginn, wéi zum Beispill, datt "d'Storen erofbleiwen an d'Fënsteren nuets a fréi moies op sinn".
Zil ass et: Léierëmfeld agreabel a gesond ze gestalten
Et ass wuel méiglech, fir e bestoend Gebai nozerëschten, mä do kann ee keng pauschal Léisung virschloen. All Gebai muss eenzel gekuckt ginn, "wat déi beschte Léisunge sinn".
D'Administratioun, déi sech ëm d'ëffentlecht Baue bekëmmert, ass sech der Situatioun scho méi laang bewosst, heescht et an der Äntwert. Fir si ass et wichteg, "d'Léierëmfeld och an Zäite vum Klimawandel agreabel a gesond ze gestalten".