Eng Inspiratioun fir Lëtzebuerg?
D’Zil ass et, déi Jonk besser ze schützen. A Frankräich ass leschte Sonndeg e verschäerft Fëmmverbuet a Kraaft getrueden.
Et dierf een deemno net méi op verschiddenen ëffentleche Plaze fëmmen, wou sech Kanner kënnen ophalen. Dozou gehéieren Plagen, Parken, ronderëm Schoulen oder och nach Busarrêten. Wee sech net un d’Reeglen hält riskéiert eng Geldstrof.
Hei zu Lëtzebuerg hu mer zwar keng Plagen, dofir awer eng Rei Séien, vill Parken a Busarrêten, wou gréisstendeels dierf gefëmmt ginn. Bei der Fro, ob een d’Fëmmverbuet och hei am Land op gewësse Plazen, do wou sech Kanner ophalen, sollt ausbreeden, ginn d’Meenungen auserneen.
Déi lescht Enquête iwwert d’Fëmmgewunnechten hei am Land huet erginn, datt vill Jonker fréi ufänke mat fëmmen an do wëll d’Regierung verstäerkt aktiv ginn. Mesurë wéi a Frankräich wiere momentan awer net virgesinn, seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.
Vun der Fondation Cancer heescht et iwwerdeems, all Lutte géint den Tubak wier gutt. Allerdéngs wéilt een hei am Land éischter op Sensibiliséierung setzen amplaz Verbueter.
Virop fuerdert d’Fondatioun eng Erhéijung vum Tubakspräis. Dernieft solle méi Preventiounscampagnë lancéiert an déi Jonk geziilt sensibiliséiert ginn. Déi drëtt Mesure gesäit eng Reduzéierung vun der Visibilitéit an der Disponibilitéit vun de Produiten vir.
Reklamme verhënneren, beschtefalls och op de soziale Medien, Fumeure beim Ophalen ënnerstëtzen a Gemengen encouragéieren, an hiren Uertschafte weider fëmmfräi Zonen anzeriichten. Dat gehéiert och zu der Initiativ Generatioun ouni Tubak. D’grouss Zil ass et, 2040 manner wéi 5% Fëmmerten zu Lëtzebuerg ze hunn an deene Jonken eben en Ëmfeld ze schafen, wou se ouni Tubak kënnen opwuessen.