LCGB deelt mat
Casa Lëtzebuerg huet Faillite deklaréiert

© Photo: JULIEN DE ROSA / AFP
D'Gewerkschaft ass zanter Mäerz a Gespréicher, fir eng Léisung fir d'Salariéen ze fannen.
De Miwwel- an Dekoratiounsbuttek Casa huet Faillite gemaach. Déi aacht Butteker am Grand-Duché mussen deemno hir Dieren zoumaachen. Dat deelt den LCGB e Freideg via Schreiwes mat. Dëst wier d'Konsequenz vun der Liquidatioun vun der belscher Mammegesellschaft am Mäerz dëst Joer. Zanterhier wier d'Gewerkschaft a Gespréicher, fir eng Léisung fir déi 35 Salariéen hei am Land ze fannen. Den LCGB ënnerstëtzt déi Concernéiert ënnert anerem bei der Sich no enger neier Aarbecht.
Am meeschte gelies