Ee Blesséierten
Kollisioun tëscht 3 Gefierer tëscht Noutem a Béiwen

E Freideg an der Mëttesstonn sinn tëscht Noutem a Béiwen 3 Autoen net laanschtenee komm. De CGDIS mellt ee Blesséierten.
Géint 16.15 Auer gouf et op der Streck tëscht Mompech a Waasserbëlleg e liichte Vegetatiounsbrand.
D'Pompjeeë vun Iechternach, Fluessweiler, Manternach, Mäertert a Mompech waren op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz vun Iechternach. Blesséiert gouf keen.
Am meeschte gelies